De Generol Steve Thull, de Chef d’Etat Major vun der Arméi ass frou, datt déi Famill dëst Joer gewuess ass. Am ganze sinn 245 Fraen a Männer rekrutéiert ginn. Dat sinn der esou vill wéi nach ni virdrun, mä nach laang net genuch. Dofir d’Fro un de Chef d’Etat Major, wat hie sech fir dat anert Joer erwaart.
“Mir brauchen d’nächst Joer och erëm eng Kéier e Rekordjoer. Sou einfach ass et. Wann een et op de Punkt wëll bréngen: d’Ufuerderungen, déi sinn einfach esou enorm, datt mer onbedéngt vill motivéiert Fraen a Männer brauchen, fir all den Aarbechten, déi op eis duerkommen, Rechnung kënnen ze droen. An dofir ass et och wichteg, datt mer an där Vitess a mat deem Elan, wou mer elo hunn, kënne weiderfueren. An ee ganz wichtege Punkt ass do och hannendrun d’Fidelisatioun vun deenen, déi och schonn haut hei schaffen.”
D’Ministesch Yuriko Backes hat jo annoncéiert, datt all d’Zaldoten deemnächst méi verdéngen. Si kréien op d’mannst 530 Euro Brutto de Mount bäi a vläicht hëlleft dat jo, datt de Wonsch no engem nächste Rekordjoer beim Rekrutement an Erfëllung geet.
Wat halen d’Zaldote vun deem Chrëschtkaddo? Ënnert anerem dorëms geet et an engem Reportage e Méindeg de Moien.