Aquarius Aerial Firefighting, eng Duechterfirma vun der Cargolux, war wärend sechs Deeg mat dräi Läschfligeren am Asaz. Eng Maschinn aus Lëtzebuerg an zwou aus der Tierkei. Mat dobäi war och de Generaldirekter Wieger Ketellapper, deen och selwer geflunn ass. Hien ass antëscht nees zeréck an der Tierkei. Zwou bis dräi Missiounen den Dag sinn déi am Ganze véier Pilote geflunn.
Pro Missioun waren et ongeféier dräi Stonnen, mat obligatoresche Pausen tëschent de Missiounen. Um Enn vum Dag gëtt en Debrief gemaach. Dem Wieger Ketellapper no huet den Asaz nach emol gewisen, wéi wichteg et ass amphibesch Fligeren - also Fligeren, déi esou wuel um Land, ewéi um Waasser kënnen operéieren - vun Ufank un anzesetzen. Dofir wier et wichteg, deen Typ Fliger ganz strategesch am Land ze verdeelen a soubal et brennt, direkt kënnen ze reagéieren.
D'Läschaarbechte sinn net ouni Risiko. Dat huet och déi déidlech Kollisioun tëschent zwee Helikoptere bei de Läschaarbechten a Griicheland gewisen. Tëschent Damp, Feier, Bierger a Séie wieren d’Piloten immens beschäftegt. D’Kommunikatioun wär immens dynamesch, erzielt de Generaldirekter vun Aquarius Aerial Firefighting aus eegener Erfarung. Datt ee Kolleegen an enger anerer Maschinn kéint iwwersinn, wier Fakt. Et misst awer alles gemaach ginn, fir dat ze verhënneren.
D'Firma mat Sëtz zu Lëtzebuerg setzt dofir op ee Kollisiounswarnsystem vun der neister Generatioun mam Numm PowerFLARM. Déi Apparater hätt ee vun Ufank un an d’Läschfligeren abaue gelooss. Am Géigesaz zu anere Warnsystemer géingen déi all Signaler am Loftraum erkennen, och déi vu méi alen Transponder. Ganz dorop verloossen, sollt ee sech awer net. Wéi bei villem gëllt och hei: Null Risiko gëtt et net.
D'Cargolux-Duechterfirma, déi op Brandbekämpfung spezialiséiert ass, huet Stand haut zéng Läschfligeren. Dovunner ass een am Grand-Duché stationéiert an néng an der Tierkei. D'Pläng, fir weider Läschfligeren ze kafen, lafe schonn.