
"Solidaritéit mat eise franséische Frënn an Noperen" schreift de Luc Frieden op der Plattform "X" iwwert dem Bild, bei där een e Läschfliger am Asaz gesäit. De Lëtzebuerger Premier erkläert weider, datt de Grand-Duché dës Leit am Kader vum europäesche Mechanismus fir d'Protection civile an den Asaz schéckt.
De franséische President huet e puer Stonnen drop op de Post vum Luc Frieden reagéiert. "Merci Lëtzebuerg" steet kuerz a knapp op der X-Säit vum Emmanuel Macron, deen och nach hannert säi Post de Lëtzebuerger wéi och den EU-Fändel gesat huet.
Och d'EU-Kommissioun begréisst d'Solidaritéit vu Lëtzebuerger mam Noper Frankräich bei dëse Bëschbränn. An engem Communiqué vun der Vertriedung vun der Kommissioun hei zu Lëtzebuerg geet en drop an, datt de Grand-Duché sech solidaresch mat den Nopere weist a 15 Pompjeeën wéi och e Läschfliger an d'Gironden an den Asaz schéckt. "Déi lëtzebuergesch Pompjeeë sinn dem franséischen Opruff wärend dëse schwéiere Bëschbränn nokomm. Si bekämpfen zesumme mat hire Kolleegen, déi aus ganz Europa koumen, zesummen dës Flamen a weisen domadder déi europäesch Solidaritéit ganz konkret. Vu ganzem Häerzen soen ech dëse 15 couragéise Pompjeeë Merci. Hire Courage an hire Asaz erënnert eis alleguer un eng einfach Saach: Wa mer all zesumme stinn, si mer méi staark", gëtt d'Ursula von der Leyen zitéiert.