En Donneschdeg, den 30. Juli 2026, hu sech 15 Lëtzebuerger Pompjeeën op de Wee gemaach, fir hir franséisch Kolleegen an der Gironde z'ënnerstëtzen, dat an Zesummenaarbecht mat engem Peloton aus der Moselle.
Wéi am Post op Facebook ze liesen ass, hätten d'Pompjeeën dann och keng Zäit verluer, fir an der Regioun ze hëllefen. Si wieren enger Pompjeeskolonn aus der franséischer Regioun "Grand Est" zougedeelt ginn.
All Dag kréie se e Secteur vun e puer Hektar zougewisen, wéi se all neit Opflame vum Feier bekämpfen. Weider heescht et Glous an aner aktiv waarm Punkten ze läschen.
Owes da patrulléiere se, fir sécher ze stellen, dass an der Nuecht d'Feier net nees onbemierkt ugeet.
Wéi de CGDIS schreift, wier d'Zesummenaarbecht mat hire franséische Kolleegen exemplaresch. Och d'Ënnerstëtzung vun der lokaler Bevëlkerung wier eng grouss Hëllef.