"Eppes an där Envergure hu si nach ni gesinn"Lëtzebuerger Pompjeeën zéie Bilan nom Feier an der Gironde

Annick Goerens
Fir d'Lëtzebuerger Pompjeeë geet et elo zeréck heem, dat mat vill Erfarung am Gepäck, mee och mat der Erkenntnis, datt extrem Naturereegnesser Europa ëmmer méi erausfuerderen.
© CGDIS

D'Regioun vun der Gironde am Südweste vun Frankräich huet grad eng vun de schlëmmste Brandkatastrophen an hirer Geschicht erlieft. Ronn 42.000 Hektar Bësch goufen zerstéiert an iwwer 220.000 Leit evakuéiert, dorënner Awunner an Touristen. Iwwer 2.200 Pompjeeë waren am Asaz an och eng Lëtzebuerger Delegatioun ass erofgefuer, fir déi franséisch Kolleegen z'ënnerstëtzen.

Wéi d'Ekipp vum CGDIS op d'Plaz koum, waren déi grouss Flamen zwar schonn ënner Kontroll, mee d'Läsch-Aarbechten nach laang net fäerdeg, erkläert de Jean-Luc Rind, Chef de mission vun der Lëtzebuerger Delegatioun:

"De Problem hei ass den Torf-Buedem. Dat heescht, dat Feier hei wäert nach eng laang Zäit brennen. An do sinn ëmmer erëm Brandnäschter mat relativ grousse Flamen, déi entstinn duerch eben déi Hëtzt, déi am Buedem ass. An déi Plazen, déi net verbrannt sinn, kënne sech dann zu all Moment erëm entflamen. An eis Aufgab war am Fong ëmmer Patrullen ze fueren. Dat heescht, si nennen dat eng Reconnaissance. A wa mer dann esou en Opflame gesinn hunn, dann hu mer dat geläscht, fir dass et net konnt weidergoen."

Lëtzebuerger Pompjeeën zéie Bilan nom Feier an der Gironde
Trotz der schwiereger Situatioun wier een extreem gutt empfaange ginn, seet de de Chef de Mission Jean-Luc Rind.

Eng Envergure, déi och erfuerene Pompjeeën iwwerrascht huet

Et war nawell vill Aarbecht fir déi 15 Lëtzebuerger Pompjeeën:

"Si hunn dat selwer nach ni esou gesinn. Dat heescht, mir hu mat de franséische Kolleege geschwat, sou gutt wéi hei, wéi och déi aus dem Département Moselle, déi awer oft esou Detachementer op d'Bëschbränn schécken an och si hu gesot, eppes an där hei Envergure hu se nach ni gesinn."

Et war eng enorm Belaaschtung – fir d'Material a fir d'Ekippen:

"Also déi Kolleegen, déi hei aus der Géigend sinn, deene gesäit een d'Middegkeet of. Hire Ween gesäit een och d'Middegkeet of. Do si relativ nei Gefierer, déi wierklech ausgesinn, wéi wa se 20 Joer hätten. An dat just elo vun enger Woch. Dat heescht, déi Autoe si permanent am Asaz, déi Autoen hu richteg Flame gesinn. An déi Leit sinn och wierklech midd. Do sinn der vill, déi hunn nach net vill geschlof, déi schaffe ronderëm d'Auer."

Och d'Duerfleit waren am Asaz

Am meeschten iwwerrascht waren d'Lëtzebuerger Pompjeeë vun där enormer Solidaritéit vun den Duerfleit:

"An och d'Leit hei, obwuel se alles verluer hunn, si mer extreem gutt empfaange ginn. D'Duerfleit hunn hei am Fong de Ravitaillement vun all den Ekippen organiséiert. Mat Hëllef vun de Lokaler a méi wäit aus Bordeaux vun de Geschäftsleit, déi dann eeben Produite bruecht hunn. Mee d'Duerfleit selwer hunn hei gekacht fir déi ganz Ekippen. An et ware richteg vill Leit. [...] An déi Solidaritéit huet mech, éierlech gesot, méi touchéiert wéi déi europäesch Solidaritéit, déi och ganz grouss war a wierklech wichteg ass hei op där Plaz, well eleng hätten déi franséisch Kolleegen dat hei net gestemmt kritt. Mee am grousse Ganzen, mierkt een awer ëmmer erëm, wa grouss Katastrophe sinn, dass d'Leit awer nach kënnen eng gewësse Solidaritéit opbréngen, wat jo an dëser Zäit net ëmmer de Fall ass."

"Si wunnen elo an enger Wüst"

Nieft der Solidaritéit bleift virun allem ee Bild am Kapp: Dat vun enger Landschaft, déi sech komplett verännert huet – ganz Stroossen a Quartiere si verbrannt.

An d'Fro ass elo, wéi et fir déi Betraffen iwwerhaapt virugeet:

"Et ass frappant, well hei si ganz Stroossen, wou vläicht nach een Haus steet, de Rescht ass verbrannt. D'Biller sinn elo schlëmm, mee wat eis méi an de Gedanke komm ass, wat maachen d'Leit, wann se zréckkommen. Och deen, dee säin Haus nach huet. En huet keng Nopere méi. Iergendwann ginn hei d'ganz Bëscher ewechgemaach, dat ass scho kloer Saach. Déi wunnen an enger Wüst. Si liewen hei vum Tourismus, mee déi Géigend hei wäert déi nächst Joren net méi attraktiv sinn."

Fir d'Lëtzebuerger Pompjeeë geet et en Dënschdeg zeréck heem, dat mat vill Erfarung am Gepäck, mee och mat der Erkenntnis, datt extrem Naturereegnesser Europa ëmmer méi erausfuerderen – an dass ee sech och hei zu Lëtzebuerg permanent muss op nei Situatioune virbereeden.

Aktuell wier een am Grand-Duché awer gutt opgestallt, fënnt den Jean-Luc Rind.

An der Gironde ware ganz vill Läsch-Helikopteren a Fligeren am Asaz, dorënner och een, dee Lëtzebuerg dohinner geschéckt hat. Déi hätten eng zentral Roll gespillt a wieren extrem wichteg. Dofir misst een an Zukunft warscheinlech nach méi op d'Hëllef vun uewe bauen, sou de Constat vum Chef de mission vun der Lëtzebuerger Delegatioun.

Back to Top
CIM LOGO