
RTL krut um Méindeg vun enger Persoun gesot, dass et um Sonndeg am spéiden Nomëtteg en Asaz vun der Police a vum CGDIS gouf, wéinst enger “Explosioun”. Eng Rei Leit wieren och séier vun der Plaz fortgelaf, well een net direkt wousst, wat geschitt wier.
Den CGDIS huet RTL confirméiert, dass effektiv ee Rettungsgefier vum CGDIS op der Plaz war. Eng Gasfläsch hat Feier gefaangen. Wéi de CGDIS op der Plaz ukomm war, war d’Situatioun schonn erëm ënner Kontroll.
De Pressebüro vun der Police huet erkläert, dass d’Fläsch vu Persounen op der Plaz konnt mat engem Feierläscher ausgemaach ginn. Et wier och kengem eppes geschitt, an ausser der Fläsch hätt näischt gebrannt.