Chrëschtmaart op der Paräisser PlazAsaz vu Police a CGDIS wéinst Gasfläsch, déi Feier gefaangen hat

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no 17 Auer e Sonndeg sinn d'Police an de CGDIS op e Chrëschtmaart an d'Stad geruff ginn, dat wéinst enger Gasfläsch, déi Feier gefaangen hat.
© Domingos Oliveira / RTL-Archiv

RTL krut um Méindeg vun enger Persoun gemellt, dass et um Sonndeg am spéiden Nomëtteg en Asaz vun der Police a vum CGDIS gouf, dat wéinst enger “Explosioun”. Eng Rei Leit wieren och séier vun der Plaz fortgelaf, well een net direkt wousst, wat geschitt wier.

Den CGDIS huet RTL confirméiert, dass effektiv ee Rettungsgefier vum CGDIS op der Plaz war. Eng Gasfläsch hat Feier gefaangen. Wei de CGDIS op der Plaz ukomm ass, war d’Situatioun schonn ënner Kontroll.

De Pressebüro vun der Police huet erkläert, dass d’Fläsch vu Persounen op der Plaz konnt mat engem Feierläscher ausgemaach ginn. Et wier och kengem eppes geschitt an ausser der Fläsch hätt näischt gebrannt.

© Mobile Reporter

Back to Top
CIM LOGO