
Et huet sech eraus gestallt, datt d’Atomzentral vu Cattenom heivir responsabel ass. Et handelt sech ëm Ofwaasser vum net-nuklearen Deel.
D’Lëtzebuerger Ëmweltministesch Carole Dieschbourg confirméiert, datt deemools och op Lëtzebuerger Säit bei Réimech eng Verknaschtung festgestallt gouf.
Déi franséisch Autoritéiten hätten déi néideg Mesuren an d’Weeër geleet an et wier dono keng Pollutioun méi nogewise ginn.
Ob et en Impakt op Fauna a Flora gëtt, dat kéint een nach net ofschléissend soen. Allerdéngs dierft deen net grouss sinn, äntwert déi gréng Ministesch zwee DP-Deputéierten, déi via question parlementaire Detailer wollte wëssen.