Zanter dësem Joer geet et zu Wooltz um fréiere Site vun der Liederfabrick “Ideal” richteg virun. Scho vu wäitem erbléckst een de Kamäin, 75 Meter héich ass en. Dëse gëtt an den neie Wunnprojet integréiert. Do wou fréier iwwer 1.000 Leit hiert d’Brout verdéngt hunn, wäerten an Zukunft iwwer 2.000 Mënschen liewen a wunnen.
1.085 Wunnenge ginn um 34 Hektar groussen Areal gebaut, Eefamilljenhaiser an Appartementer. Vum Jonggesell bis zu Koppele mat e puer Kanner fannen hei Plaz. Déi éischt 28 bis 30 Logementer solle bis de Summer 2026 fäerdeg gebaut sinn. “Bis Enn d’nächst Joer sollen eng 76 Wunnenge fäerdeg sinn”, esou den Direkter vum Fonds du Logement, de Jacques Vandivinit. Eng 500 Logementer dierften an enger éischter Phas gebaut ginn.
2035 soll de Projet “Wunne mat der Wooltz” fäerdeg sinn. 30 Prozent geet an d’Vente, de Rescht gëtt verlount. “De Loyer, deen d’Leit bezuelen, gëtt par rapport zu hirem Nettoverdéngscht gerechent.”
Zanter September 2023 ass déi nei Schoul um Site scho fir d’Kanner op. Och d’Maison relais funktionéiert schonn.
Op der Friche zu Wooltz gëtt bis zu 3.000 Meterkibb Buedem traitéiert a recycléiert. “Op dës Manéier kéinte bis 9.000 Tonnen CO2 agespuert ginn”, sou nach de Jacques Vandivinit.