Ma virum Hannergrond vun de suboptimale Beléiftheetswäerter vum Luc Frieden, deen et am rezente Politmonitor als éischte Premier iwwerhaapt net an d’Topp 10 gepackt huet, dierf ee sech awer d’Fro stellen, ob dat jidderengem an der Partei gefält...
...an et gefält net jidderengem.
Mee fänke mer awer mat de positive Stëmmen un. Virop mam Metty Steinmetz, President vun der Jugendorganisatioun CSJ. Et wier gutt fir den Echange tëscht der Partei an der Regierung, wann de Premier gläichzäiteg President ass. Hien hätt perséinlech ee gutt Verhältnis an och reegelméisseg Kontakt mam Luc Frieden. D’CSJ géing dann och Gehéier bei der Mammepartei fannen, virop bei internen Themen.
Op de Politmonitor ugeschwat seet de Metty Steinmetz, datt vill Politiker ganz no beienee leie géingen a scho kleng Verännerunge bei de Prozenter grouss Verännerunge bei der Plaz bewierke kéinten: “Sou datt dat doten eng Momentopnam ass. Et ass jo nach eng gewëssen Zäit bis déi nächst Walen an ech mengen, datt dat awer ok ass. An ech mengen, datt mer ee gemeinsame Wee fannen, fir och de Parteipresident och rëm an déi Topp 10 eropzekréien, als Premier.”
Sou just net méi an der CSJ ass déi fréier Parteipresidentin Erna Hennicot-Schoepges. Ma och si fënnt et gutt, datt de Luc Frieden Parteipresident bleiwe wëllt. Zum Politmonitor seet si: “Also wann een an der Politik kriddeleg Saache wëllt duerchzéien, dann duerf ee sech net op de Beléiftheetsgrad verloossen. Ech hat där Situatioune mat der Gëlle Fra, mat der Pensiounsreform vun 1999. A wann een do nogëtt, da mécht ee keng Politik, dann hëlt ee keng couragéiert Moossnamen.”
E bëssi méi reservéiert kléngt do d’Nathalie Morgenthaler, Deputéiert a Presidentin vun der CSF, déi d’Fraen an der CSV regroupéiert. Si wéilt net iwwert Nimm spekuléieren, ma ee Kandidat misst d’Partei kennen, een oppent Ouer fir all d’Ënnerorganisatiounen hunn an en dierft net aus Eegeninteressi handelen, mee et misst ëm d’Saach goen. Weider misst een déi verschidde Positiounen an der Partei vereenen an d’Zesummespill tëscht der Partei an der Fraktioun misst nach optiméiert ginn.
Drop ugeschwat, ob de Luc Frieden déi Krittären a senger éischter Amtszäit erfëllt huet, ass et dës Äntwert: “Also et ass jo fir eis als Partei een neien Ament, ech mengen och landeswäit, datt ee Premier gläichzäiteg Parteipresident war. Dat heescht, dat ass eppes, wou mer eis intern fir d’éischt e bëssi hu mussen erëmfannen. Ech mengen, den Här Frieden muss säin eegene Bilan zéien an da musse mer kucken, wéi en dozou steet.”
Kéint et am Mäerz d’nächst Joer vläicht eng Géigekandidatur ginn? Dat kann d’Nathalie Morgenthaler sech duerchaus virstellen. Vu wiem? Op déi Fro gouf et keng kloer Äntwert.