
De Luc Frieden fält weider an der Gonscht vun de Leit. Hien ass am neiste Politmonitor net méi ënnert den zéng beléiftsten a kompetentste Politiker. Dat gouf et nach ni, dass e Premier am Politmonitor vun Ilres am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort et net an d‘Topp 10 packt.
Mat nach eng Kéier dräi Punkte manner bei der Moyenne vu Sympathie a Kompetenz ewéi beim Sondage am Juni, lant de Luc Frieden op der 12. Plaz. Punktgläich mam Marc Spautz, deen nom Récktrëtt vum Georges Mischo jo héchstwarscheinlech Minister gëtt. De Premier an den aktuellen CSV-Fraktiounschef komme allebéid op eng Moyenne vun 52 Punkten, woubäi beim Luc Frieden op- a beim Marc Spautz ofgeronnt gouf. Virun hinne sinn de Finanzminister Gilles Roth (11. am General), hannert der Landwirtschafts- a geschwë warscheinlech och Sportministesch Martine Hansen an dem Chamberpresident Claude Wiseler, dee bei den CSV-Leit déi bescht Moyenne krut. Hansen a Wiseler sinn déi zwee eenzeg Käpp vun der CSV, déi een an den éischten 10 fënnt. Dat op der 8. respektiv der 7. Plaz.
De Georges Mischo, deen am Zäitraum vun der Ëmfro Enn November nach Member vun der Regierung war, awer virop als Aarbechtsminister scho politesch ugeschloe war, gëtt 32. vun am ganzen 41 Politikerinnen a Politiker. Seng Moyenne läit bei 33 Punkten. Woubäi hie méi sympathesch (35), ewéi kompetent (31) bewäert gouf. Antëscht huet hien als Minister jo demissionéiert.
Wärend de Premier also net zefridde mat sengem Resultat ka sinn, trount säi Vize Xavier Bettel weider un der Spëtzt. Den Ausseminister leet mat engem Score vun 80 nach eng Kéier e bësse bäi. Hannert him bleift déi fréier Gesondheetsministesch Paulette Lenert, haut LSAP-Deputéiert, stabil op der zweeter Plaz. Bei dësem Politmonitor war och den Numm Mars Di Bartolomeo nees mat an de Questionnaire geholl ginn. Dat well d’Lëscht vun de Politiker ugepasst gouf an all d’EU-Deputéiert, déi am Kontext vun den EU-Walen ofgefrot gi waren, elo erausgeholl an duerch national Politiker ersat goufen.
De bekannten LSAP-Politiker kënnt also – wann ee sou wëll – aus dem Stand op d’Plaz 3 mat enger Moyenne vu 65 Punkte bei Beléiftheet an Know-How.
Da kommen dräi DP-Politiker: d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, virun der Defense- an Transportministesch Yuriko Backes an dem Wirtschaftsminister Lex Delles. Virun allem d’Yuriko Backes leet gutt bäi. Si spréngt am Duerchschnëtt bei Sympathie a Kompetenz vun 53 op 62 Punkten, plus néng Punkte fir d’Yuriko Backes par rapport zu Juni, an deemno 5. Plaz fir déi fréier Hofmarschallin. Si ass déi gréisst Gewënnerin vun dësem Politmonitor, well si nach e bësse méi Zoustëmmung dobäi kritt ewéi d‘Martine Hansen vun der CSV.
D’Sam Tanson vun déi Gréng kënnt mat plus dräi Punkten op déi 9. Plaz an d’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Boffering op déi 10. Si hunn allebéid eng Moyenne vu 57.
Generell kann ee constatéieren, dass virop d’CSV-Politikerinnen a -Politker un Zoustëmmung bäigewannen. D’Martine Hansen mécht mat plus siwe Punkten an der Moyenne e grousse Schratt. Dat Selwecht mécht awer och den Inneminister Léon Gloden. De Claude Wiseler (+5), de Gilles Roth (+5), de Marc Spautz (+4), de Serge Wilmes (+4), d’Elisabeth Margue (+3): Si all kréie Punkte bäi, wärend hire Chef, de Premierminister a Parteipresident, Luc Frieden verléiert. Interessant och: d’Martine Deprez, déi mat hire Ressorte Gesondheet a Sozialversécherung déi lescht Woche vill an der Aktualitéit war, stagnéiert. Hir Moyenne vun 42 bei Sympathie a Kompetenz geet just duer fir déi 22. Plaz am Mëttelfeld vum Klassement.
Och vill DP-Politiker hunn un Zoustëmmung bäigewonnen. Erausgegraff do de Fraktiounschef Gilles Baum mat plus 6 an d‘Ministesch fir Digitaliséierung Stéphanie Obertin mat plus 5 Punkten.
Kucke mir eng Kéier op de Schluss vum Klassement: 41. an domat Leschten an dësem Politmonitor gëtt den ADR-Deputéierten Tom Weideg (14 Punkten). Direkt virun hie placéiert sech seng Parteipresidentin Alexandra Schoos (17). Dat virum Pirat Marc Goergen (23), dee grad ewéi säi Parteikolleeg nees Punkte bäigewonnen hunn zanter Juni. De Sven Clement kënnt deemno op déi 25. Plaz. Trotz engem Gewënn vu 5 Punkte bei Sympathie a Kompetenz packt den ADR-Fraktiounschef Fred Keup et net iwwer déi 38. Plaz am General eraus.
Am Mëttelfeld mécht d’LSAP-Politikerin Francine Closener e gutt Resultat mat véier Punkte méi ewéi am Juni. De Marc Baum vun déi Lénk gëtt 24. vun 41.
Zwee Joer CSV-DP-Regierung, wéi schneit se of? Eng grouss Variatioun gëtt et net tëscht dem Politmonitor am Juni an dësem am Dezember. 48 Prozent (am Juni 49%) fannen d’Aarbecht vu Schwaarz-Blo gutt. De Gros “éischter gutt” nëmmen e puer (5 Prozent) “ganz gutt”. 43 Prozent (am Juni 40%) hunn d’Bewäertung"schlecht” ofginn. 33 Prozent fannen d’Aarbecht vun der Regierung “ganz schlecht”. 9 Prozent vun de Befroten hate keng Meenung.
Kloer: virun allem déi Befroten, déi sech zu der CSV bekennen, bewäerten d’Regierungsaarbecht gutt. Ganzer 93 Prozent. Scho manner Zoustëmmung kënnt vun de Stammwieler vum Koalitiounspartner DP. 63 Prozent Zoustëmmung awer och 31 Prozent, déi soen, nee, d’Aarbecht ass net gutt. Déi Befroten, déi sech bei de Sozialisten, der ADR respektiv de Grénge gesinn, sinn zu engem ganz groussen Deel net zefridde mat der Aarbecht vun der Frieden-Bettel-Regierung. Béi de Gréngen ass den Desaccord mat 79 Prozent am Héchsten.
E Mëttwoch erkläre mir iech am zweeten Deel vun dësem Politmonitor vun Ilres fir RTL an d’Wort, wéi eng Theemen de Lëtzebuerger am meeschte Suerge maachen.
Fir de Politmonitor am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort gouf vun der Ilres eng representativ Stéchprouf vun 1.042 Leit gefrot. D’Interviewe sinn tëscht vum 17. an dem 26. November iwwer Telefon an online iwwer MyPanel vun der Ilres realiséiert ginn.
Weider Detailer iwwer d’Method an de Questionnaire vun dësem Sondage fannt Dir op Alia.lu. Minimal Differenze kënnen duerch d’Op- an Ofronnen entstoen.
Wann Dir d’Cookies net akzeptéiert hutt, ass et méiglech, datt Dir d’Grafiken net ugewise kritt.