
De Gebrauch vu verschiddenen Equipementer an Apparater op d’Spideeler an hir Antennen ze limitéieren, gëtt als Restriktioun beim Ausübe vun engem liberale Beruff gesinn.
Soulaang déi héich Kierperschaft net mat weideren Argumenter dovunner kann iwwerzeegt ginn, datt dës Restriktioun néideg ass, gëtt si keng gréng Luucht fir d’Dispens vum zweete Vott.
De Staatsrot kann domadder Gesetzer net verhënneren, allerdéngs zitt sech d’Prozedur an d’Längt, well d’Chamber eng zweete Kéier muss ofstëmmen.
D’Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren, gesäit duerch dësen Avis hir Interpretatioun vum Gesetzprojet confirméiert. De President vun der AMMD, den Alain Schmit:
“Hei si Mesuren ergraff ginn, déi net zielführend sinn. Et gi méi einfach Moyenen, déi zu engem besseren Accès ze féieren. Dat ass och dat, wat de Staatsrot aus enger juristescher Perspektiv eraus seet an domadder si mir natierlech voll bestätegt.”
Fir d’Auteure vum Text gëllt et elo dem Staatsrot déi néideg Argumenter ze liwweren an dat well d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert sou séier wéi méiglech maachen:
“Zil ass et nach ëmmer dee Projet séier op den Instanzewee ze kréien. Et war vun Ufank un d’Zilsetzung fir eng einfach a pragmatesch Léisung ze fannen. Wann deen heite Wee net soll fruuchten, da muss ee sech bewosst sinn, datt et sécher méi laang wäert daueren, wa mer musse Reegele schafen, spezifesch fir den Extrahospitalier.”
De Staatsrot huet nieft dëser Grondsazfro och eng Rei formell Oppositiounen formuléiert. Déi sinn éischter méi technesch an an den Ae vun der Ministesch Paulette Lenert relativ séier aus der Welt ze schafen.