Hôpitaux Schuman um KierchbiergAuszeechnung fir Spezialisatioun an den Nierekrankheeten

RTL Lëtzebuerg
Et ass eng éischte Kéier, dass ee Lëtzebuerger Spidol dës Zertifikatioun kritt.
VIDEO: Hopitaux Schuman um Kierchbierg
Zanter dem Joer 2003 fonktionneiert de Service Dialyse um Kirchbierger Spidol. Maximum 48 Leit kenne pro Dag hei behandelt ginn.

Zanter dem Joer 2003 fonctionnéiert de Service Dialys um Kierchbierger Spidol. Maximum 48 Leit kënne pro Dag hei behandelt ginn. Aktuell profitéieren eng 90 Patiente vun dësem Service.

Auszeechnung Hopitaux Schuman - Reportage Christophe Hochard

3 mol d’Woch wärend all Kéiers 4 Stonne muss de Patient un den Dialysenapparat gehaange ginn. De Problem vun dëser Krankheet wär, datt si extrem lues zum Virschäi kënnt.

D’Hôpitaux Schumann um Kierchbierg goufen dës Woch ausgezeechent als “Nephrologische Schwerpunktklinik” vun der Däitscher Gesellschaft fir Nephrologie. Nephrologie ass d’Wëssenschaft vun den Nierekrankheeten. Et ass eng éischte Kéier, dass ee Lëtzebuerger Spidol dës Zertifikatioun kritt.

Zanter dem Oktober 2018 gëtt et dann och d’Klinik des Maladies des Reins. Hei gëtt preventiv geschafft an d’Patiente ginn hei fir Dialysen-Therapie preparéiert.

Back to Top
CIM LOGO