
E Méindeg am Nomëtteg krut de CGDIS de Virfall gemellt. Géint 16.30 hat e Verbrenner-Auto an der Rue du Centre Feier gefaangen, dat, a Fuerrichtung, op der rietser Säit vun der Haaptstrooss. Op de Biller ass ze erkennen, dass et zu enger deels grousser Dampentwécklung komm ass, den Auto stoung zäitweis komplett a Brand.
Wéi eis RTL matgedeelt gouf, hat een de Brand séier am Grëff an d’Feier war séier geläscht. Am Virfeld huet d’Strooss fir d’Läsch- an Opraumaarbechte misse gespaart ginn. Wéi gesot, ass beim Brand keng Persoun zu Schued komm. Op der Plaz waren d’Ekippe vum CGDIS, der Police an d’Pompjeeën mat engem Tankwon.