De Samu war op der PlazAuto an der Stad op der Kopp, eng Persoun blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Am Laf vum Méindegmoie waren d'Ekippe vum CGDIS dräi Mol wéinst Accidenter am Trafic am Asaz.
© CGDIS

Géint 5.10 Auer hat sech an der Rue de Hamm an der Stad en Auto iwwerschloen. Eng Persoun gouf hei blesséiert. Op der Plaz waren d’Ambulancieren an d’Pompjeeën aus de Stad, grad ewéi de Samu aus dem Spidol um Kierchbierg.

Um 08.30 Auer goufen dann zwou Persoune blesséiert, wéi en Auto um CR 305 tëscht Viichten a Mechler accidentéiert ass. D’Pompjeeë vu Viichten an d’Ambulancieren aus der Nordstad waren hei am Asaz.

Géint 08.40 Auer goufen dann d’Secouriste vun Diddeleng an d’Pompjeeë vu Rëmeleng wéinst engem Accident tëscht zwee Autoen op Rëmeleng an d’Rue der Martyrs geruff. Hei ass et awer beim Materialschued bliwwen.

Back to Top
CIM LOGO