
En Dënschdeg gouf der Police en Abroch mat engem Auto-Déifstall gemellt. Um Kierchbierg waren am Nomëtteg bis elo onbekannt Täter an eng Garage vun engem Méifamilljenhaus agebrach an hunn doropshin een Auto geklaut. D’Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet.
Agebrach gouf en Dënschdeg de Mëtteg ënner anerem nach an der Rue Astrid um Belair an der Stad. Hei hate sech Täter iwwer d’Fënster vum Balcon Zougang zu der Wunneng vun engem Méifamilljenhaus verschaaft, wou si d’Raim duerchwullt an ënner anerem eng Auer matgeholl hunn. Méi spéit am Nomëtteg gouf et dann och nach een Abroch an en Eefamilljenhaus an der Rue Emile Elsen zu Gonnereng. D’Täter haten hei d’Terrassendier opgebrach a sinn doduerch an d’Haus komm. A béide Fäll lafen d’Ermëttlungen.
An der Nuecht op e Mëttwoch war enger Patrull vun der Police an der Rue Joseph Junck op der Stater Gare eng Persoun opgefall, déi offensichtlech alkoholiséiert an den Auto geklommen ass. D’Beamten hunn de Chauffer kuerz drop gestoppt an no engem positiven Alkoholtest gouf de Permis agezunn. De staark alkoholiséierte Mann gouf duerno mat op de Policebüro geholl, wou hie sech provokativ a beleidegend géigeniwwer de Poliziste verhalen huet. Well de Mann sech net berouege wollt, gouf hie mat Hëllef vun enger Rei Policebeamte fir d’Ausniichterung an den Arrest gesat.
Um fréie Mëttwochmoien ass der Police dann en Auto an der Rue de la Libération zu Diddeleng opgefall, dee mat engem futtisse Pneu um Trottoir stoung. Wéi de Chauffer dann erausgeklommen ass, konnten d’Beamten ee staarke Geroch vun Alkohol feststellen. No engem positiven Alkoholtest gouf ee provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.