
Um 18.39 war op der N13 tëschent Garnech an dem Wandhaff en Auto mat engem wëllen Déier zesummegestouss, dobäi ass eng Persoun blesséiert ginn. D’Rettungsekippe vu Mamer a Koler waren am Asaz.
D’Pompjeeë vu Mamer waren da kuerz no 19 Auer an d’Rue Anna Lindh geruff ginn, dat wéinst Dampentwécklung an engem Haus.
Um 22.09 Auer war et dann e Feier an engem onbewunnten Haus zu Bäreldeng an der Lëtzebuerger Strooss. Blesséierter gouf et bei béide Pompjeesasätz keng.
E Méindeg de Moie koume et um kuerz viru 7 Auer zu engem Accident op der RN14 tëscht der Fiels an Hiefenech. Hei huet en Auto eng Leitplank ze pake kritt. Eng Persoun gouf blesséiert, op der Plaz waren d’Rettungsdéngschter aus der Fiels.