Op der A3 a Richtung FrankräichAuto rennt Camion hannendrop - eng Persoun liewensgeféierlech blesséiert

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Moie fréi koum et op der Diddelenger Autobunn zu engem méi uergen Accident.
© Domingos Oliveira

En Auto war e Samschdeg de Moie géint 4.00 Auer op der A3 a Richtung Frankräich tëscht dem Beetebuerger Kräiz an der Sortie Diddeleng engem Camion hannendrop gerannt. De Chauffer huet misse vum CGDIS aus sengem Gefier erausgeschnidde ginn. Hie koum mat liewensgeféierleche Blessuren an d’Klinik.

Op der Plaz waren de CGDIS, de Samu an d’Ponts et chaussées.

E Samschdeg de Moie war och d’Police technique op der Plaz, fir déi genee Grënn vum Accident ze ermëttelen. Dowéinst war d’A3 vum Beetebuerger Kräiz un a Richtung Frankräich fir den Trafic gespaart ginn, ass am fréien Nomëtteg awer erëm opgaangen.

De CGDIS huet nach zwee weider Accidenter zanter e Freideg den Owend gemellt. Géint 19 Auer ass op der Lonkecher Strooss zu Rodange eng Persoun blesséiert ginn, well e Camion an en Auto net laanschtenee komm sinn. Kuerz viru 4.30 Auer ass e Samschdeg de Moien op der A7 a Richtung Stad en Auto accidentéiert, dat war tëscht Schieren a Colmer-Bierg. Och hei ass eng Persoun verwonnt ginn.

Back to Top
CIM LOGO