Wéi et am Trafic-Info vum ACL steet, wier kuerz no 7 Auer en Auto accidentéiert. Informatioune vun der Plaz no huet de Chauffer aus nach ongekläerte Grënn d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer. Den Auto ass beim Accident op der Kopp gelant.
Géint 8.40 Auer gouf d’Rue de Bastogne (N15) zu Ettelbréck komplett gespaart, ronn 20 Minutte méi spéit koum d’Entwarnung vum ACL, datt d’Plaz geraumt wier a sech den Stau lues a lues géif opléisen.
Wéi de CGDIS e Mëttwoch de Mëtteg preziséiert, goufen zwou Persoune beim Accident blesséiert. Op der Plaz waren nieft dem Samu och d’Rettungsekippen aus dem Zenter Nordstad.