
D’Baufirma Manuel Cardoso Constructions ass um Wee, Faillite ze maachen.
Déi Nouvelle confirméiert d’Gewerkschaft LCGB op Nofro hin, déi grad ewéi den OGBL schonn en Dënschdeg eng Informatiounsversammlung an der Firma organiséiert, fir de Salariéë mat de Pabeieren ze hëllefen, nach ier der vill vun hinne wéinst dem Congé collectif fort ginn. Dee geet jo Enn der Woch un.
Ëm déi 120 Employéeën huet Cardoso aktuell nach, ronn 100 haten der d’Constructiounsfirma scho verlooss.
D’Gewerkschafte géifen och hëllefen, Leit weiderzevermëttelen. Eng Partie aner Firme wären interesséiert, Personal z’iwwerhuelen, esou den LCGB.