
Nom Millioune-Bedruch bei der Caritas ass de sougenannte Presidenten-Trick engem gréissere Public hei am Land e Begrëff. Dës Zort Arnaque mécht awer weiderhi kee Bou ëm de Grand-Duché a ganz ënnerschiddlech Domainer si betraff. Dat weist d'Beispill vun der Etüd vun enger Lëtzebuerger Dierwiechterin, déi rezent op en Hoer Affer vun der genannter Bedruchsmasch gouf.
Numm vun der Etüd a vum Affekot existéiere wierklech
Ugaangen ass alles mat engem Appell, seet eis d'Huissière Christine Kovelter. An hirer Etüd huet moies e Mann mat franséischer Nummer ugeruff, fir bei enger Comptable no enger héich confidentieller Affär ze froen: "Hien huet sech dunn direkt virgestallt, als eng gewësse Persoun, Maître esou an esou, vun enger grousser franséischer Etüd. Déi Etüd gëtt et och. An den Här gëtt et och."
D'Email vun der Cheffin war net vun der Cheffin
Den Här wollt wëssen, ob d'Email nach net ukomm wier? Där gouf et keng, mä säin Zil war et, fir iwwer dee Wee un déi perséinlech Adress vun der Mataarbechterin ze kommen.
Dat ass gelongen an déi franséischsproocheg Comptable krut kuerz drop eng Mail op franséisch, déi ausgesinn huet, wéi wa se vun hirer Cheffin wier: "Also den Expediteur war info@huissier-kovelter.lu, meng richteg E-Mailadress, mee awer déi richteg Adress électronique war christine.kovelter@email.com. An, jo, do stoungen dann eeben déi Informatiounen dran. A si hätt eebe sollen dee gewëssene Montant - eng fënnefstelleg Zuel - iwwerweisen."
Et géing ëm eng ëm finanziell Operatioun goen, déi mat der Acquisitioun vun enger Societéit ze dinn hätt, heescht et am Mail. Déi concernéiert Comptabel wier als Interlocutrice designéiert ginn, aus Confidentialitéitsgrënn sollt just iwwer eng perséinlech Mailadress kommunizéiert ginn.
An der Suite gouf nach emol via Telefon Drock gemaach an et koum e weidere falsche Mail mat Instruktioune vun der Cheffin, datt dee Virement lo sollt gemaach ginn: "Wou dann dra steet, iwwerweis wannechgelift déi Suen. Kuerz drop huet dann den Här erëm ugeruff an dunn huet hat dann och gesot, et gëtt e klenge Problem: Ech ka just eng gewëssen Zomm iwwerweisen. Dat heescht, hatt huet schonn d'Possibilitéit Suen ze iwwerweise vu mir, mee et ass awer limitéiert op e gewësse Montant. An dunn huet en ugefaangen e bësse méi aggressiv ze ginn an dunn huet en och verschidde Propose gemaach, verschidden Optioune proposéiert."
D'Mataarbechter goufe skeptesch well de Mann aggressiv gouf
Dee Moment goufe sech dann awer Froen an der Etüd gestallt an dat Ganzt gouf gestoppt. D'Christine Kovelter war dee Moien net ze erreechen, seet si, a gouf vun där ganzer Saach réischt mëttes gewuer. Zum Gléck hätten d'Mataarbechter de Virement net gemaach: "Et war elo schonn e fënnefstellege Montant, mee et sinn och net ëmmer Suen um Kont, déi mir gehéieren. Et si jo do Leit, déi hir Scholde bezuelen an déi Sue muss ech da virun transferéieren. Also dat hätt schonn eng grav Konsequenz kënnen hunn."
An hirem Secteur wier de Presidenten-Trick keen Eenzelfall, deen Dag drop wier dat selwecht bei engem Confrère versicht ginn. Et hätt een als Etüd geléiert, datt een nach méi virsiichteg an opmierksam muss ginn. D'Christine Kovelter mécht elo Plainte bei der Police.
Bei der Caritas ware mam sougenannte Presidenten-Trick viru gutt zwee Joer méi wéi 60 Milliounen Euro geklaut ginn.