Eng nei, flexibel Policeunitéit soll vun ugangs nächstem Joer un déi normal Patrullen um Terrain ënnerstëtzen. De Groupe de support opérationnel, kuerz GSO, soll bei méi schwieregen Asätz hëllefen, ier d’Spezialunitéit op der Plaz ass.
Dës Ekippe sinn am Kader vun engem Pilotprojet och mat engem Taser ausgerüst, huet den Inneminister Léon Gloden op enger Pressekonferenz e Méindeg erkläert. Bis ee wéist, ob den Taser och an Zukunft agesat gëtt, misst een e puer Asätz domat gehat hunn, fir eng Evaluatioun ze maachen, sot de Police-Generaldirekter Pasacal Peters.
Zwou bis dräi GSO- Ekippe wäerten dann d’nächst Joer 24 Stonnen op 24 um Terrain ënnerwee, fir am Noutfall anzegräifen. Zum Beispill bei Messerattacken oder bei taktesch méi usprochsvolle Fäll vun haislecher Gewalt. “Et ass eng Patrull on top”, huet de Pascal Peters erkläert. Et wier keng spezialiséiert Unitéit nieft de Kommissariat-Ekippen, mee eng, déi géing hëllefen, fir de Backup ze maachen an taktesch Missiounen optimal ze léisen.
Doriwwer eraus gouf eng nei Plattform presentéiert, iwwert déi der Police kënne Biller a Videoen zougeschéckt ginn. Dës gëtt awer just am Krisefall, bei gréisseren Evenementer, wéi enger Terrorattack fräigeschalt. Nëmmen esou kéinten am Eeschtfall d’Onmasse vu Material traitéiert ginn, sot de Police-Generaldirekter. De Link wäert der Bevëlkerung deen Ament iwwer d’Medien an déi sozial Medie matgedeelt ginn.
Fir déi 59 Mataarbechter vum Nationalen Interventiounszentrum (CIN) um Findel hu sech dann och d’Aarbechtsconditioune verbessert. Fir e Budget vu 5,5 Milliounen Euro ass den Zenter an nei Raimlechkeete bannt dem Gebai geplënnert, déi méi grouss a besser adaptéiert wieren. Virop sinn dës mat modernsten Technologien equipéiert. No 14 Joer wieren ënner anerem d’Funkanlagen an d’Computer vereelzt gewiescht, huet de Pascal Peters ënnerstrach.