No Récktrëtt vu Françoise ThomaBenoît Elvinger gëtt neie CEO vun der Spuerkeess

Michèle Sinner
Et ass confirméiert – de Benoît Elvinger gëtt neien CEO vun der Spuerkeess. Hie léist op den 1. Oktober d’Françoise Thoma of.
De Benoît Elvinger an d'Françoise Thoma
De Benoît Elvinger an d'Françoise Thoma
© BCEE / RTL

Si war an der Suite vun der Caritas-Affär zeréckgetrueden. Vum Regulateur CSSF hat d’Spuerkeess d’lescht Joer och eng Strof vu ronn fënnef Milliounen Euro kritt, well d’BCEE d’Anti-Blanchimentsoplagen net erfëllt hat.

De Benoît Elvinger kënnt vun der Banque de Luxembourg, wou hien zanter 2015 Member vun der Direktioun war.

Back to Top
CIM LOGO