SpuerkeessD'Françoise Thoma hält als Generaldirektesch op

RTL Lëtzebuerg
D’Françoise Thoma gëtt hire Posten als Generaldirektesch vun der Spuerkeess op.
Françoise Thoma hält als BCEE-Generaldirektesch op
D’Spuerkeess hat d’Decisioun, déi “d’un commun accord” geholl gouf, e Méindeg de Mëtteg op enger kuerzfristeger Pressekonferenz annoncéiert.

Dat huet de President vum Verwaltungsrot vun der Bank Camille Fohl e Méindeg de Mëtteg op enger Pressekonferenz annoncéiert, déi kuerzfristeg aberuff gi war. Si bleift awer um Poste bis hir Successioun assuréiert ass.

D’Françoise Thoma hält als Spuerkeess-Generaldirektesch op / vum Michèle Sinner

De Camille Fohl hofft, datt dee Prozess bis 2. oder oder 3. Trimester 2026 ofgeschloss ass. D’Bank géif en interne an dobaussen no engem Successeur oder enger Successeure sichen. D’Decisioun wier “d’un commun accord” geholl ginn, huet et op Nofro geheescht. D’Ëmfeld vun der Bank wier am Wandel a wéilt sech dofir mat enger neier Generatioun vun Decideuren opstellen, huet de Camille Fohl erkläert.

“Schonn am Ufank vum Joer an och herno an och mat deene Projeten, déi mer hunn, fir eben eis virzebereeden. Wat sinn eis Defis futurs? Wéi kënne mer all déi wichteg Projeten, déi am gaangen sinn, dat ass ganz wichteg, an dunn hu mer dat dans son Ensemble gekuckt, wéi, wat kënne mer maachen, fir déi Ajustementer, déi do kommen.”

Am Ufank vum Joer hat d’Spuerkeess awer och vun der CSSF Bescheed kritt, datt se eng Amende a Milliounenhéicht géif kréien. D’Bankenopsiicht hat no der Caritas-Affär Kontrolle gemaach a festgestallt, datt et gehéiereg Lächer am Dispositif géint de Blanchiment a Frauden gouf. Déi en plus schonn bei fréiere Kontrolle festgestallt gi waren. De Camille Fohl sot dozou haut:
“Il y a évidemment des éléments qui ont accéléré que nous avons discuté de ce cadre stratégique. Vous avez mentionné ce processus de mise à niveau de notre cadre réglementaire.”

Wann een d’Françoise Thoma gefrot huet, ob si dowéinst Konsequenzen zéien an demissionéieren misst, huet si nach am Summer insistéiert, si wéilt d’Bank an d’Zukunft féieren. Lo seet si:
“Fir eng Bank an d’Zukunft hëllefen ze féieren, dat kann een op verschiddene Plaze maachen, do muss een net onbedéngt den Direkter oder Generaldirekter vun där Bank sinn.”

Op d’Fro, ob si elo fräiwëlleg Plaz gemaach huet an hir Demissioun offréiert huet, war d’Äntwert: “Mir hunn dun commun accord zesummen decidéiert, wat dat Bescht ass, fir d’Bank an d’Zukunft ze féieren.”

D’Françoise Thoma fält awer net all ze wäit. Si bleift éischtens op hirem Posten, bis d’Successioun rekrutéiert an vun der Europäescher Zentralbank approuvéiert ass. Dat kéint bis den nächste Summer oder Hierscht daueren. Zweetens bleift si dono Fonctionnairin vun der Bank a gëtt strategesch Beroderin.Sou e Strategic Advisor wier scho méi dacks diskutéiert ginn, esou de Camille Fohl.

“Qui sera important de faire notamment une revue très à temps au niveau des tendances, au niveau réglementaire légal qui vont diriger les ajustements qui sont à faire au niveau des banques.”

Do kann ee sech froen, ob hir nei Aufgaben net justement déi sinn, déi ënnert hir als Generaldirektesch verluppt goufen.

D’Françoise Thoma war vun 1999 u bei der Spuerkeess an huet d’Bank zanter 2016 als CEO geleet. Do virdru war si Affekotin a Member am Conseil d’Etat.

PDF: Schreiwes vun der Spuerkeess

Back to Top
CIM LOGO