Ëmmer nees sich d’Police ëffentlech no Besëtzer vu Géigestänn, déi si am Kader vun Ermëttlunge saiséiert hunn. Dës Kéier sinn et eng ganz Rei Aueren, Bijouen, eng Zigarekëscht, zwou Medailen an eng Telecommande fir eng Garage.
Wie seng eege Saachen erëmerkennt, ass gebiede sech bei der Police judiciaire ënnert Mail-Adress spj.rgb@police.etat.lu ze mellen.