Schoulprojet WibSBeweegung vun de Kanner fërderen

Lynn Cruchten
Wibbelen an intelligent beweegen an der Schoul. Dofir steet de Projet WibS

Et ass e Konzept, dat vun der Beweegungsekipp vum SCRIPT (Service de Coordination de la Recherche et de l’Innovation pédagogiques et technologiques) vum Educatiounsministère ausgeschafft gouf. D’Zil ass et, op verschidde Manéieren ze weisen, datt eng Schoul ganzheetlech Beweegung ka fërderen.

An der Praxis gesäit et esou aus, dass Mataarbechter vum Script an d’Schoule ginn an do an op Basis vu prakteschen Übungen an Ateliere erklären, wéi een d’Kanner an de verschiddene Cycle kann encouragéieren, fir aktiv ze sinn an eppes fir hir kierperlech, awer och geeschteg Fitness ze maachen.

WibS baséiert op véier Pilieren. Et gëtt de WibS-Check, de WibS-Bike, de WibS-Boost an d’WibS-Class. Déi eng Aktivitéite ginn an der Sportshal gemaach, anerer mat Hëllef vu Spill- a Sportmaterial am Préau, Schoulhaff oder am Gank. Donieft kréien Enseignanten a SchülerInnen och Iddien presentéiert, fir am Klassesall Léieren a Beweegung mateneen ze verbannen.

An der Reegel ass et de Schoulpresident oder d’Presidentin, déi eng Demande stellen, fir datt hir SchülerInne beim Wibbelen an intelligente Beweegen an der Schoul kënne matmaachen. Jee no Gréisst vun der Schoul zéie sech d’Atelieren iwwer zwee bis véier Deeg. Zënter dem Start vum Projet WibS dëst Joer am Oktober, war '’Beweegungsekipp vum SCRIPT schonn an zéng Schoulen op Besuch, huet ronn 450 Klasse gesinn an deemno e puer Dausend Kanner begeeschtert a motivéiert méi ze bougéieren.

Back to Top
CIM LOGO