Extrem Keelt um SamschdegBis zu -13 Grad si méiglech an och e Sonndeg bleift et kal

RTL Lëtzebuerg
De staatleche Wiederdéngscht huet e Freideg de Moien en "Avis de grand Froid" fir d'ganzt Land erausginn.

Tëscht 22 Auer e Freideg den Owend an an 11 Auer e Samschdeg de Moie kënnen d’Temperaturen am ganze Land op minimal -13 Grad falen.

An effektiv de Samschdeg de Moie presentéiert sech moies nach niwweleg dréif, mat kale -10 an der Stad, -11 zu Wolz an de gemellte -13 zu Ell. Am Laf vum Dag verzitt sech den Niwwel an et gëtt et kalen awer sonnegen Dag, just vereenzelt ass et nach dréif. D’Temperature kommen dobäi awer net iwwer 1 Grad.

Schnéi zu Lëtzebuerg
Schnéi zu Lëtzebuerg

Déi niddereg Temperature kéinte besonnesch bei eelere Leit oder bei Leit mat Otemweeerkrankungen zu gesondheetleche Probleemer féieren.

Frascht zu Lëtzebuerg
Frascht zu Lëtzebuerg

Och um Sonndeg soll et kal bleiwe mat Déiftswäerter vu -4 bis -8 Grad, lokal sinn awer och -10 nach méiglech. Vereenzelt wäert sech d’Sonn nach weisen, mëttes kann den Himmel da plazeweis zouzéien, ma bis owes soll et dréche bleiwen. E Sonndeg den Owend ass mat Loft aus Südwesten ze rechnen an an der Nuecht soll et dann ufänke mat reenen.

Météo
Wéi gëtt d’Wieder? Dat ass eng Fro, déi jidderee sech Dag fir Dag stellt. An eiser Météo gitt Dir dat vu Méindes bis Sonndes gewuer.

An déi nächst Woch wäerte mer deemno mat reegelméissege Reeschauere starten, dofir ass et dann awer nees manner kal.

Back to Top
CIM LOGO