
Lëtzebuerg soll net um Eurovision Song Contest deelhuelen. Dat war déi zentral Fuerderung vun enge 60 Leit, déi sech e Samschdeg géint 14 Auer um Kierchbierg versammelt haten. Virum Siège vun RTL hu se gefuerdert, datt RTL Lëtzebuerg den Event boykottéiert, well Israel e géif mëssbrauchen, fir “Artwashing” ze maachen. Zum Protest opgeruff hat d’Beweegung BDS Lëtzebuerg – BDS steet international fir “Boycott, Divestment and Sanctions”, also fir de Boykott, fir Desinvestitiounen a fir Sanktioune géint Israel wéinst dem Krich an der Gazasträif nom Hamas-Iwwerfall de 7. Oktober 2023. Ënnerstëtzt gouf d’Manif vum Kollektiv Waassermeloun, vum Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient (CPJPO) a vun Déi Lénk. Fir de Fall, datt RTL bei senger Positioun bleift an de Contest am Géigesaz zu anere Länner net boykottéiert, wéilt een am Mee en alternative Museksevent organiséieren, esou eng Spriecherin vu BDS um Mikrofon.
Nieft engem ESC-Boykott gouf, wéi scho beim Protest am Juni 2024 virum RTL-Gebai, och e fräit Palästina gefuerdert: “Free, free Palastine” a “From the river to the sea, Palastine will be free” hunn d’Manifestante gesongen, woubäi deen zweete Sprooch ganz ëmstridden ass, well en esou ka verstane ginn, datt en Israel d’Existenzrecht ewechhëlt. An de Riede gouf Israel als terroristesche Staat bezeechent, deen trotz Waffestëllstand am Gaange wier, e Genozid an der Gazasträif ze maachen a sech duerch den ESC wéilt wäisswäschen. Israel hätt den ESC politiséiert a géif en instrumentaliséieren.

D’European Broadcasting Union (EBU), déi hannert der Organisatioun vum Eurovision Song Contest steet, hat viru Kuerzem op esou Virwërf reagéiert an nei, méi streng Reegelen decidéiert. Virop soll verhënnert ginn, datt den Ausgang vun der Competitioun op eng onfair Manéier beaflosst gëtt. Deen Ament gouf awer och decidéiert, datt Israel beim nächsten ESC vum 12. bis de 16. Mee 2026 zu Wien dierf matmaachen. Eng Partie Länner hunn doropshin hir Participatioun ofgesot, anerer iwwerleeën nach, Lëtzebuerg ass awer weeder fir en Ausschloss vun Israel nach fir e Boykott vun der Kompetitioun, wéi e vun de Manifestante gefuerdert gouf.
Wéi ëmstridden d’Participatioun vun Israel ass, weist och d’Tatsaach, datt de Schwäizer ESC-Gewënner vun 2023, Nemo, e Freideg d’Trophée aus Protest zeréckginn huet.

De Konflikt am Noen Oste beschränkt sech awer net op den ESC, e Freideg gouf et och e Protestpiquet vun der Waassermeloun a vun de Students for Palastine op der Place de l’Europe um Kierchbierg, an zwar bei de Büroe vum Europaparlament. Eng 40 bis 50 Aktivisten, esou d’Organisateuren, hätte mat Bannere gefuerdert, datt Israel net méi duerch den Horizon-Programm dierft finanzéiert ginn. Doduerch géif sech d’EU nämlech zum Kompliz maachen.
Ugangs der Woch, en Dënschdeg, den 9. Dezember, war och scho virun der CSSF op der Areler Strooss demontéiert ginn. De Reproche vu Collectives4Palastine un d’Commission de Surveillance du Secteur Financier war, datt een duerch d’Zouloosse vun israeelesche Bonds de Krich an der Gazasträif géif matfinanzéieren.