ESC-Boykott vun e puer EU-StaatenCampagne och zu Lëtzebuerg, Participatioun awer net a Fro gestallt

Anne Wolff
Och wa verschidde Länner den Ausschloss vun Israel beim Eurovision Song Contest gefuerdert hunn, d'Land dierf weiderhi matmaachen. Lëtzebuerg denkt och net iwwer e Boykott no, och wann et ewell vill kritesch Stëmme ginn.
© SANDER KONING/ANP via AFP

Eurovision Song Contest: Lëtzebuerg denkt net iwwer Boykott no

Israel däerf matmaache beim Eurovision-Song-Contest. Dat ass d’Resultat vun engem Vott fir nei Reegele bei der Eurovisioun, wou d’Memberlänner vun der europäescher Rundfunkunioun (EBU) ofgestëmmt hunn. Dat huet awer direkt fir Protest gesuergt: véier Länner hunn hir Participatioun offiziell zeréckgezunn, anerer iwwerleeën nach. Och zu Lëtzebuerg gëtt et Campagnen, d’Eurovisioun ze boykottéieren.

D’Fro ass am Kär, wéi politesch ass d’Eurovisioun respektiv wéi gesinn déi eenzel Participanten dat?
D’Eurovisioun gëtt organiséiert vun der europäescher Rundfunkunioun, déi vertrëtt a koordinéiert eng knapp 70 Member-Senderen. D’Sender vu Spuenien, Irland, Holland a Slowenien boykottéieren de Concours wéinst dem Virgoe vun Israel an der Gazasträif. D’Belsch, Schweden a Finnland, grad wéi Island iwwerleeën nach.

Campagne fir de Boykott vum ESC zu Lëtzebuerg

Och zu Lëtzebuerg leeft eng Campagne, fir d’Eurovisioun 2026 zu Wien ze boykottéieren. Haaptsächlech mam Argument, dass Israel sech iwwer déi lescht Joren ëmmer nees an den Oflaf vum ESC agemëscht an zu senge Gonschte beaflosst hätt an, dass de Gaaschtsender, den éisträichesche Rundfunk, seng Neutralitéit opginn hätt, well e sech fir d’Participatioun vum israeelesche Sender KAN agesat huet.

Nei Reegele fir den ESC 2026

Fir den ESC 2026 huet d’EBU sech nei Reegele ginn. Et geet hei drëms, de Concours géint eng Politiséierung ofzesécheren, grad och no den Diskussioune ronderëm de Vott fir Israel d’lescht Joer zu Basel: D’israeelesch Kënschtlerin Yuval Raphael war d’lescht Joer am Jury-Voting op Plaz 15, am Publikumsvott awer op Plaz 1. Et gouf de Verdacht vu koordinéierten a manipuléierte Votten.

Mat den neie Reegele gëtt d’Gewiicht vun de Publikumsvotte reduzéiert, d’maximal Stëmme vum Public si vun 20 op 10 reduzéiert ginn. Ausserdeem géif et nach méi streng Sécherheetsmesuren, fir koordinéiert Publikumsvotten z’erkennen, esou d’Direktioun vum ESC. D’Jury votéiert elo nees vun der Halleffinall u mat. Da versprécht den ESC och méi streng Kontrolle bei de Publicitéitscampagnen.

Lëtzebuerg stellt Participatioun net a Fro

Et gëtt och eng Rëtsch Länner, déi sech fir eng israeelesch Participatioun asetzen oder op d’mannst net driwwer nodenken, de Concours ze boykottéieren. D’Argument ass hei, et wier e kulturellt Evenement, dat sollt onparteiesch an onpolitesch sinn. Och Lëtzebuerg stellt d’Participatioun net a Fro an RTL dréit als Organisateur vum LSC déi Positioun mat: Et begréisst een déi nei Reegele vun der EBU. De Gesank wier zanter Joerzéngten eng Plattform vu kulturellem Austausch, deen d’Diversitéit, d’Oppenheet an de géigesäitege Respekt an de Vierdergrond stellt. Dat wiere Valeuren, déi iwwer Grenzen, Glawen an Originne géifen erausgoen. De Concours géif vun der Rundfunkunioun gehalen, onofhängeg vu staatlechen Autoritéiten. Änlech Positiounen hu beispillsweis och Däitschland a Frankräich.

Back to Top
CIM LOGO