Budgetsried vum Maurice Bauer an der Chamber“Wa mir weiderhi wëlle fir den Triple S stoen, da musse mir den Triple A sécheren a verstäerken.”

Jeannot Ries
Marlène Clement
Fir de Sozialstaat ze finanzéieren, bräicht et eng dynamesch an diversifizéiert Ekonomie, esou den CSV-Deputéierten an éischte Stater Schäffen.
© Jeannot Ries

Am Staatsbudget fir d’nächst Joer gëtt ee viraussiichtlechen Defizit beim Zentralstaat vun 1,49 Milliarden Euro virausgesot. Dat si ronn 400 Milliounen Euro méi wéi d’lescht Joer geschat. Änlech, wéi schonn de Finanzminister Gilles Roth am Oktober, huet och de Budgetsrapporter, Maurice Bauer, bei der Presentatioun vum Budgetsrapport an der Chamberplenière vu “méi schwieregen Zäiten” geschwat. Trotzdeem wéilt ee weider a Land a Leit investéieren, huet den CSV-Deputéierten an éischte Stater Schäffen a senger Ried verséchert an der schwaarz-bloer Regierung och nach eng Rei Recommandatioune mat op de Wee ginn.

Vill Gewiicht huet de fréiere Sozialschäffen a senger Ried op de Kampf géint d’Aarmut geluecht. Zejoert wiere scho vill Mesure vun der Regierung ëmgesat ginn:

“Et weise sech éischt Resultater. Den Aarmutsrisiko ass dem Statec no 2024 par Rapport zu 2023 vun 18,8 op 18,1 % zeréckgaangen, zefridde kann een domadder net sinn, well all eenzel Persoun, déi an Aarmut lieft ass eng ze vill. An awer op d’mannst schéngt den Trend vum leschte Joerzéngt, an deem den Taux vum Aarmutsrisiko eropgaangen ass, fir de Moment gestoppt.”

Mam éischten nationalen Aarmutsplang wéilt een de Leit, déi vun Aarmut betraff sinn, weider ënnert d’Äerm gräifen. Datt Regierung an der Aarmutsbekämpfung net géing noloossen, géing och de Budgetsprojet 2026 weisen.

“An dësem Budget 2026 sinn 14,99 Milliarden Euro virgesinn. Nach emol méi ewéi eng 1/2 Milliard méi ewéi dëst Joer an, trotz héijen Militärausgaben, weiderhin 46 Prozent vun den Budgetsausgaben. Et wier e staarken Message an een kloert Zeechen.”

Duerch en automatescht Ausbezuele vun der Allocation de vie chère an der Energieprimm hätt dëst Joer iwwerdeems op d’mannst ee Véierel vun de Stéit méi finanziell Aidë krut. De Maurice Bauer recommandéiert der Regierung déi Automatiséierung och op d’Loyerssubventioun an eventuell aner Hëllefen auszedeenen.

Bei deenen héijen Zuele vun Non-Recours ass et eis gemeinsam Responsabilitéit, ze probéieren dës Zuelen erof ze kréien an dofir ze suergen, dass wa méiglech all Mënsch déi Hëllefe kritt, déi him zoustinn. Och d’Gemenge sollen onbedéngt ugehale ginn, wa si Hëllefe ginn, déi esouwäit méiglech automatesch auszebezuelen.”

De Kampf géint d’Aarmut a besonnesch géint d’Kanneraarmut wier zanter elo zwee Joer eng Haaptprioritéit vun der Regierung.

“Wa mir alles dëst wëlle kënne finanzéieren. Wa mir hei zu Lëtzebuerg weiderhin fir den Triple S wëlle stoen, da mussen mir den Triple A sécheren a verstäerken.”

Fir de Sozialstaat ze finanzéieren, bräicht et eng dynamesch an diversifizéiert Ekonomie. De Budgetsrapporter huet der Regierung doriwwer eraus recommandéiert, de Steierzueler bei hirem Bulletin eng Säit dobäi ze leeën, déi resuméiert, woufir d’Steiergelder ausgi ginn, esou wéi Neiséiland dat och scho géing maachen.

No der Presentatioun vum Budgetsrapport an der Chamberplenière geet et um Mëttwoch de Moie weider mam Exposé vum Finanzminister Gilles Roth. Duerno stinn d’Debatten an de Vott vum Gesetzesprojet iwwert de Budget 2026 an de Budget pluriannuel um Ordre du jour.

Back to Top
CIM LOGO