De Chauffer vum Camion, dee Mineralwaasser transportéiert hat, hat hei aus bis ewell ongekläerte Grënn d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer, wouropshin de Camion ëmgetippt an am Gruef gelant ass. De Chauffer koum dobäi ouni Blessuren dervun. Bis de Camion gebuergen ass, bleift d’Strooss fir den Ament nach zou. D’Rettungsekippe vu Biekerech a Réiden-Atert waren am Asaz.