4,7 Milliarden Euro InvestCFL iwwerhuele bis 2040 weider d‘Gestioun vum nationale Schinne-Reseau

RTL Lëtzebuerg
E Freideg scho gouf en neie Gestiounskontrakt fir d‘Schinnen-Infrastruktur fir déi nächst 15 Joer ënnerschriwwen.
© CFL

D‘CFL iwwerhuelen domat bis 2040 weider d‘Gestioun vum Schinne-Reseau, dee jo dem Staat gehéiert. Zu deem Reseau gehéieren och 68 Arrêten a Garen, genee wéi de Mäerter Hafen, dat deelen d’CFL, wéi och de Mobilitéitsministère e Méindeg mat.

Doduerch hätt een déi néideg Previsibilitéit fir an dat néidegt Personal fir dës Gestioun z‘investéieren. Genee wéi an neit Material, dorënner eng Rei Maschinnen, fir Schinnen ze bauen, respektiv an der Rei ze halen.

Infographie - CFL – Chiffres clés 2024.pdf

De Projet de Loi gesäit heifir tëscht 2026 an 2040 4,7 Milliarden Euro vir. Lëtzebuerg investéiert domadder europawäit pro Awunner bei wäitem am Meeschten an d’Infrastrukturen vun der Eisebunn.

Enn Oktober hat d’Chamber jo schonn dat entspriechend Finanzéierungsgesetz fir deen Zäitraum gestëmmt. Deemno si 4,7 Milliarden Euro virgesinn, fir ënnert anerem d’Gestioun vum Zuchtrafic.

Schreiwes vum Transportministère an den CFL

Back to Top
CIM LOGO