Accident tëscht Amber an AllënsterChauffer ass u Suitte vu Blessure gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De Chauffer, dee beim Accident um CR119 en Donneschdeg de Moie schwéier blesséiert gouf, ass un de Suitte vu senge Blessure gestuerwen.
© Domingos Oliveira / RTL

Am CGDIS-Bulletin vun en Donneschdeg de Moie war ze liesen, datt et géint 3.45 Auer zu engem schroen Accident um CR119 tëscht Amber an Allënster koum, bei deem eng Persoun schwéier blesséiert gouf.

Wéi d’Police am Laf vum Donneschdeg de Moien confirméiert huet, ass de Chauffer un de Suitte vu senge Blessure gestuerwen. Weider heescht et, datt den Automobilist aus bis ewell nach ongekläerter Ursaach d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer hat a géint e Bam gerannt ass.

D’Streck war iwwer 4 Stonne fir d’Opraumaarbechte gespaart. Och de Miess- an Erkennungsdéngscht waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO