
De CGDIS hat am Bulletin géint 11 Auer geschriwwen, dass sech hei en Auto iwwerschloen hätt an huet vun engem Blesséierte geschwat. Wéi d’Police géint 12 Auer preziséiert, konnten d’Rettungsdéngschter op der Plaz just nach den Doud vum 47 Joer ale Chauffer feststellen.
De Parquet gouf iwwer den déidlechen Accident informéiert an huet de Miess- an Erkennungsdéngscht mat de weideren Ermëttlunge beoptraagt.
D’Streck war bis kuerz virun 11.30 Auer komplett fir de Verkéier gespaart.
Nieft de Rettungsdéngschter aus der Fiels a Fëschbech war och de Samu-Noutdokter op den Asaz geruff ginn.