
Am Laf vun der 46. Woch vum Joer, tëscht dem 10. an dem 16. November, ass d’Zuel vun de positive SARS-CoV-2-Fäll vu 74 op 65 erofgaangen. Dat ass eng Baisse vun 12 Prozent par rapport zur Woch virdrun. Gläichzäiteg gouf awer am Ofwaasser eng erhéichte viral Konzentratioun detektéiert. Aktuell dominéieren d’Varianten XFG (54,2 Prozent) an XFG.3 (29,1 Prozent).

Am selwechten Zäitraum ass d’Zuel vun den Influenza-Infektioune vun 41 op 50 geklommen. A 94 Prozent vun de Fäll huet et sech ëm den Typ A gehandelt.

Beim Virus respiratoire syncytial (RSV) ass d’Zuel vun de Fäll ëm 55 Prozent geklommen, mat 62 Infektioune géintiwwer 40 an der Woch virdrun. Zanter Oktober sinn a 75 Prozent vun de Fäll Kanner ënner 7 Joer betraff.
