Nei Zuele vun der AdemDäitlech Hausse bei der Zuel vun de Leit, déi op der Sich no Aarbecht sinn

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg goufen déi nei Aarbechtslosenzuelen vum Statec a vun der Regierung publizéiert. Hei ass eng negativ Tendenz ze verzeechnen.
© Domingos Oliveira

Den 30. November louch d’Zuel vun de Residenten, déi zu Lëtzebuerg no Aarbecht sichen a bei der Adem ageschriwwe sinn, bei 19.907. Dat ass eng Hausse vu 6,9 Prozent am Verglach zum November 2024, also 1.282 Persounen. Iwwert déi lescht 12 Méint wat d’Hausse an allen Altersberäicher ze verzeechnen, ma am ausgepräägtste war si bei Leit mat engem héije Bildungsgrad, wou iwwert ee Joer gesinn 10,2 Prozent méi Leit no Aarbecht sichen. Och si verschidde Beruffssecteure besonnesch betraff, wéi zu Beispill Sekretariats- an Assistenzplazen, Comptabilitéit oder Informatik.

De Chômagetaux, op saisonal Variatioune berengegt, ass vum Statec op 6,2 Prozent berechent ginn.

© Statec

Back to Top
CIM LOGO