Geklaute Kofferkabelen zu Breedelt fonntDäitsch Police hëlt sechs presuméiert Déif u Lëtzebuerger Grenz fest

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Dënschdeg huet déi däitsch Police sechs presuméiert Koffer-Déif zu Doosber (D) festgeholl.
Symbolbild
© CHRISTOPH BURGSTEDT/SCIENCE PHOT/Science Photo Library via AFP

Déi Verdächteg sinn tëschent 16 a 35 Joer al, si waren alle sechs an engem Auto ënnerwee. Am Kader vun enger Kontroll a weideren Ermëttlungen huet d’Police dunn erausfonnt, datt de Grupp zu Breedelt an der Gemeng Wäiswampech en Auto ofgestallt hat, dee vun der Lëtzebuerger Police ënnersicht gouf. Hei hunn d’Beamte Kabeltrommele mat Kofferkabele mat engem Duerchmiesser vu ronn fënnef Zentimeter fonnt.

D’Police geet an hirem Schreiwes dovunner aus, datt déi sechs Verdächteg dës geklaut hunn. Vu wou, ass bis ewell net gewosst, et geet een allerdéngs vun engem Betrib oder enger Baustell zu Lëtzebuerg oder Däitschland aus. D’Verdächteg goufen der Police vun Tréier iwwerginn, wou si e Mëttwoch och virun den Untersuchungsriichter koumen.

Wie mengt, vum Déifstall concernéiert ze sinn, ka sech bei der Tréierer Kriminalpolice op der Nummer +49 651 983 - 43390 mellen. Eng Enquête ass amgaangen.

Back to Top
CIM LOGO