
Am Gemengerot hunn e Mëttwoch den Owend 6 géint 5 Membere fir d’Koalitioun aus DP, LSAP an déi gréng gestëmmt.
Den Dali Zhu vun der DP ass offiziell den neie Buergermeeschter. Seng Schäffen heesche Pol Thomé (LSAP) an Ari Arrensdorff (déi gréng).

Eréischt nodeems de Schäffen Yves Loose vun der CSV och demissionéiert hat, huet den Dali Zhu vun der DP du proposéiert, en neie Schäfferot ze wielen. Dee Vott gouf op den Ordre du jour geholl an du gouf am Huis clos ofgestëmmt.
De 37 Joer alen Dali Zhu ass vu Beruff Restaurateur a Papp vun zwee Kanner.