Bankomat zu Reisduerf gesprengt"Dat Haartst, wat ech jeemools a mengem Liewen héieren hunn", esou en Awunner

Anne Wolff
Wéi d'Police matdeelt, gouf an der Nuecht op e Freideg zu Reisduerf e Bankomat gesprengt. D'Police huet d'Ermëttlungen opgeholl.
Bankomat zu Reisduerf gesprengt
E Freideg de Moie goufen d’Awunner vun engem Geknupps aus dem Bett geheit. De Johanns George war de Moien op der Plaz.

Géint 4.25 Auer goufen d‘Awunner vu Reisduerf e Freideg de Moien aus dem Bett geheit. Eng Grupp vun Onbekannter hat de Bankomat bei der Gare gesprengt.

D’Anne Wolff war fir eis zu Reisduerf

“Dat Haartst, wat ech jeemools a mengem Liewen héieren hunn”, erzielt en Noper. Fir d‘éischt hätt hien et fir Donner gehalen, ma kuerz drop hätt et nach emol geknuppt. Wéi hien aus der Fënster kuckt, gesäit hien e schwaarzen Auto iwwert d’Bréck a Richtung Däitschland fortfueren. En aneren erzielt vun engem Liichtblëtz, deen hien op senger Iwwerwaachungskamera gesinn hätt. Wéi genee de Bankomat gesprengt gouf a wéi héich de Schued ass, kann d’Police aktuell nach net soen.

Aktuell gëtt d’Plaz ënnersicht. D’metalle Karkass vum Bankomat gouf duerch d’Wucht vun der Explosioun an d‘Gebai vun der Gare eragedréckt. De falsche Plaffong ass agestierzt. Et goufe Stécker eng 20-30 Meter ewechgeschleidert. De Reisduerfer Buergermeeschter Jean-Pierre Schiltz erkläert, et misst ee lo kucken, wéi grouss de Schued um Gebai wier. Ma op den éischte Bléck schéngt dat stengent Gare-Gebai weider net beschiedegt. Bis op eng futtis Fënster sinn déi aner Intakt.

Blesséiert gouf och keen, ma wéi de Buergermeeschter erzielt, wier zum Moment vun der Sprengung eng Fra amgaangen gewiescht, d‘Zeitung auszedroen. Déi hätt d’Täter eventuell gesinn. D’Awunner schwätze vun zou bis dräi Explosiounen, a si frou, dass kengem eppes geschitt ass. Si hoffen, dass de Bankomat hinnen erhale bleift. Do géife vill Frontaliere Suen ophiewen, an net ze knapps, dat confirméiert och de Buergermeeschter. Ob a wéi vill Suen e Freideg de Moien am Bankomat waren, ass nach net gewosst.

D’Police sicht no Zeien

D’Police huet d’Ermëttlungen opgeholl .D’Strooss war fir den Trafic gespaart, wärenddeem d’Beamten op der Plaz waren.

E Freideg am Nomëtteg huet d’Police dann en Zeienopruff lancéiert. Wien Informatiounen iwwert d’Sprengung vum Bankomat huet, ass gebieden, sech bei der Police Judicaire ze mellen. Dat ënnert der Mailadress “spj.rgb@police.etat.lu”.

Back to Top
CIM LOGO