Caritas-Mataarbechterin temoignéiert "Dat Schlëmmst ass, wa kee méi mat dir schwätzt"

RTL Lëtzebuerg
"An du héiers d'Informatioune just nach aus der Press", sou d'Carole Reckinger am exklusiven RTL-Interview.
Caritas-Mataarbechterin temoignéiert
“Dat Schlëmmst ass, wa kee méi mat dir schwätzt”

D’Carole Reckinger schafft zanter iwwer 12 Joer fir d’Caritas. Am Exklusiv-Interview mat RTL erzielt si, wéi si déi lescht zwee Méint erlieft huet, nodeems bekannt gouf, datt bei der Caritas 61 Milliounen Euro geklaut goufen.

“Ech schwätze fir mech selwer. Ech sinn net d’Stëmm vun de Mataarbechter, och net vun der Organisatioun an och net vun de Gewerkschaften”, betount d’Responsabel vum politesche Plaidoyer.

Jorelaang huet si d’Stëmm erhuewen, fir op Ongerechtegkeeten an der Gesellschaft opmierksam ze maachen. “An ech muss mir och selwer trei bleiwen, fir och wann eis alleguerten elo eng Ongerechtegkeet, esou ze soen, geschitt oder mir am Stach gelooss ginn, da muss ech och hei meng Stëmm erhiewen, well soss kann ech mech och net méi an de Spigel kucken.”

D’Caritas-Mataarbechter wären Affer vun enger krimineller Dot. Alleguer hätte se den Teppech ënnert de Féiss ewechgezu kritt, wéi de Bedruch bis opgeflu war. Séier gouf e Krisekommitee op d’Bee gestallt. Vun deem Moment un hätt et keng Kommunikatioun méi mat de Mataarbechter ginn, bedauert d’Carole Reckinger. D’Wäerter, op deenen d’Caritas baséiert - deenen Äermsten an der Gesellschaft nozestoen an Empathie ze weisen - wären de Mataarbechter an der Katastroph net entgéintbruecht ginn. Eng vun den eenzegen direkte Kommunikatiounen, déi se kritt hätten, wär, datt si net mat der Press schwätze sollten. Well dat géif hir ganz Situatioun verschlëmmeren.

Ugeschwat, ob si negativ Konsequenzen duerch dësen Temoignage bei RTL fäerte géif, seet d’Carole Reckinger.

“Sécher wäerte Leit rose sinn. Mee gläichzäiteg muss ech soen, ech weess och net, u wien ech mech soll wenden, well wien ass iwwerhaapt nach do?”


Aus der Press wier ee gewuer ginn, dass de Christian Billon de Krisekommitee verlooss hat. “Gëtt et de Krisekommitee nach? Wien ass en charge? Mir hunn absolut null Kommunikatioun kritt. Mir hänke just do a waarden, ech souwéi aner 30 Mataarbechter, mengen, verstanen ze hunn, dass mer net iwwerholl ginn.”

Esou kloer hätt een dat awer nach net gesot kritt. Si géifen drop waarden, licenciéiert ze ginn. “Mee wéini, wat, wou, keng Anung, wann ech elo negativ Konsequenzen heiduerch hunn, dann ass et esou.”


D’Verhandlung vum Sozialplang hätten nach net ugefaangen. Géif een elo domadder ufänken, wier och keng Personaldelegatioun méi do, fir fäerdeg ze verhandelen. Well d’Personaldelegéiert géife vum 1. Oktober un an déi nei Entitéit HUT wiesselen.

Vun der Kierch méi Empathie erwaart

D’Carole Reckinger huet Verständnis dofir, datt weder de Bistum nach de Staat bereet gewiescht wieren, fir direkt anzesprange fir déi 61 Milliounen, déi verontreit goufen. An dach ass si enttäuscht.

“D’Caritas ass awer de sozialen Aarm vun der Kierch. Do hätt ech mer e bëssen Empathie erwaart. An domadder mengen ech net, datt si direkt de Portmonni opgemaach hätten. Mee et huet sech nach keen un eis gewannt oder mat eis geschwat oder d’Gespréich gesicht.”

Ofgesi vun der Finanzdirektesch mécht d‘Carole Reckinger der Caritas-Direktioun keng Virwërf. Si hätt sech an hirer Aarbecht zu 100% ënnerstëtzt gefillt. D’Responsabel vum politesche Plaidoyer schwätzt vun engagéierte Leit, déi sech mat Häerz a Séil fir hir Aarbecht agesat hätten. “Et ass fir mech ganz erschreckend ze gesinn, wéi si elo dohi gestallt gi sinn. Si si jo net méi do. An ech hunn dann och déi Leit ugeruff, gefrot, wat ass lass? Firwat schwätzt der net méi mat eis? An et ass net, dass se net méi wëlle mat eis schwätzen. Si hunn och e Bréif kritt, dass se net méi däerfe mat eis schwätzen. An dat ass schlëmm, well d’ Mataarbechter hunn dat jo net matgedeelt kritt, dass se net méi däerfe kommunizéieren.” Bei ville kéim et esou eriwwer, wéi wann d’Direktioun einfach vum Boot gespronge wär a si sëtze gelooss hätt.

Am RTL-Interview schwätzt d’Carole Reckinger iwwer d’Problematik, datt d’Caritas-Aktivitéite lo mat HUT quasi vun engem Déngschtleeschter iwwerholl ginn. De Plaidoyer awer fir d’Situatioun vun den Äermsten an der Gesellschaft ze verbesseren, net iwwerholl géif. «Hei zu Lëtzebuerg hu mer e Problem mat enger wuessender Aarmut a wuessenden Inegalitéiten. Wann een do net gläichzäiteg och probéiert, vum Terrain aus Iddien ze ginn, wéi een d’ Situatioun ka verbesseren, a vun der Expertise, déi d’Leit hunn, Recommandatiounen, op d’ mannst, formuléiert, fir d’Situatioun ze verbesseren, dann hu mer e Problem. Well dat heescht, et gëtt eis och schlussendlech ëmmer méi deier, well mer ëmmer méi Sue mussen fir déi Hëllef zur Verfügung stellen. An et gesäit duerno aus, dass et an déi Richtung geet, wat natierlech fir déi ganz Zivilgesellschaft Schrëtt no hannen ass.»

Vläicht wier et aus Angscht, datt de politesche Plaidoyer net vun HUT iwwerholl gi wär, seet d’Carole Reckinger. “dass vläicht gefaart gëtt, wann een eng kritesch Stëmm ass, da kritt een net déi néideg Suen zesummen, fir elo déi nei Organisatiounen un d’Goen ze kréien. Mä dat ass kuerzsiichteg, well et wäert eiser Gesellschaft op Dauer méi deier ginn a méi kaschten, wa mer net gläichzäiteg versichen, Inegalitéiten ze reduzéieren an Aarmut ze reduzéieren.”

Back to Top
CIM LOGO