
An deene leschte Méint gouf virun allem vun der Nordstad geschwat, ma nach méi héich uewen am Éislek, méi genee am Nordwesten, plangen och Bauschelt an d’Stauséigemeng eng Fusioun. D’Gespréicher lafen zanter November. De Marc Hoscheid war bis op Béiwen an huet mat de Buergermeeschtere vu Bauschelt, Jeff Gangler, an der Stauséigemeng, Marco Koeune, geschwat.
Marc Hoscheid: D’Fusioun ass jo een Thema, dat hei an der Géigend scho länger ronderëm geeschtert, mol méi mol manner. Nach virun e puer Joer waren d’Diskussiounen zimmlech um Nullpunkt ukomm. Mëtt dëst Joer hunn är zwee Gemengeréit awer op eemol gréng Luucht fir Sondéierungsgespréicher ginn. Wéi erkläert der déi nei Dynamik?
Jeff Gangler: An der Gemeng Bauschelt hate mir ëmmer eng proaktiv Approche, dat huet ee jo schonn an der leschter Legislaturperiod gemierkt, wéi mer ee Referendum wollten initiéieren. D’Diskussioune sinn opkomm, well an der Stauséigemeng eng Ouverture war an enger Schäfferotserklärung an een am Fong relativ séier beienee fonnt huet.
Marco Koeune: Mir hu mat eise Partnergemengen eng regional Schoul, wou iwwert 500 Kanner an d’Schoul ginn, dat heescht mir si gewinnt, regional zesummenzeschaffen an ze denken. An eng Fusioun ass eng weider Méiglechkeet, fir méi effizient zesummenzeschaffen.
Marc Hoscheid: D’Sondéierungsgespréicher lafe lo zanter November. Wéi muss ee sech déi konkret virstellen, wie kënnt do zesummen a wéi dacks gesitt der iech?
Jeff Gangler: Deen éischten Exercice ass, datt d’Schäfferéit beienee komm sinn. Mir haten déi éischt Entrevuen um Inneministère, fir mol Informatiounen ze kréien. Wéi de Marco Koeune scho gesot huet, si mer och mat der Cellule zesummekomm, fir och vun deenen Erfarungswäerter de Bagage mat op de Wee ze huelen. A lo komme mer plus minus an engem Rhythmus vun dräi Wochen zesummen.

Marc Hoscheid: Mir si lo geschwënn 2026, dat heescht d’Legislaturperiod ass quasi an der Hallschent. Wat ass konkret geplangt, soll nach virun de Walen 2029 ee Referendum organiséiert ginn?
Jeff Gangler: Also wann et no de Schäfferéit geet, dann definitiv. Natierlech musse mer lo mol dee Package mat an eis Gemengeréit huelen, mir hunn nach ee ganze Prozess, wou mer d’Bierger mat abannen. Wat d’Zäitschinn ugeet, soll awer nach an dëser Legislaturperiod ee Referendum stattfannen.
Marco Koeune: Mir hunn eis een Zäitschema ginn, wéi gesot bis deen nächste Waltermin an da gesi mer, wéi séier mer an de Prozesser weiderkommen, wou mer eis Workshops dann och wäerten organiséieren. Dat ka relativ zügeg stattfannen, mee dat muss de Prozess vun de Sondéierungsgespréicher elo erginn.
Marc Hoscheid: Lo sidd der zu zwee a Gespréicher, dir hat och Wanseler gefrot, ma déi sote Merci, mee Nee Merci. Dir hutt bis lo gesot, d’Dier wier awer nach ëmmer op, ass dat nach sou?
Marco Koeune: Datt de Conseil zu Wanseler de Moment net prett ass, fir mat a Sondéierungsgespréicher ze goen, respektéiere mer. Ech mengen all Gemeng ass autonom an hiren Decisiounen. Natierlech sinn an Zukunft, wann dat vun engem nächste Wanseler Conseil gewënscht ass, d’Dieren op, fir och doriwwer iergendwann nach eng Kéier nei ze decidéieren.
Ma elo gëtt awer mol zu zwee op eng Fusioun higeschafft. Ze vill an d’Detailer wëllen d’Buergermeeschteren awer nach net goen. Engersäits solle fir d’éischt d’Gemengeréit informéiert ginn, dat dierft am Februar geschéien, an anerersäits fäerte se e bëssi, datt de Projet soss schonn am Virfeld zerriet gëtt.
Wann d’Stauséigemeng a Bauschelt fusionéiere sollten, dann hätt déi nei Fusiounsgemeng knapp 4.000 Awunner. Vun der Fläch hier wier se mat déck 80 Quadratkilometer no Wëntger a Clierf awer déi drëttgréisste Gemeng vum Land.