Chrëschtmaart an der Abteistad: Zu Iechternach op der Maartplaz ware wärend dräi Deeg 46 lokal Veräiner am Asaz. D’Chalete gi vun der Gemeng gestallt, op des Manéier kennen d’Clibb sech e puer Sue fir hier Kees verdéngen.
Zanter dem 5. Dezember huet de Chrëschtmaart zu Déifferdeng op. 30 verschidde Stänn bidden hei allerlee Saachen un. Et si souwuel déi lokal Veräiner ewéi Händler vun no a weit, déi um eelste Chrëschtmaart aus dem Land deelhuelen.
Vum Dezember 2026 u soll d’Plaz vum Chrëschtmaart vergréissert ginn, d’Demande wär einfach ze grouss, sou de Buergermeeschter vun Déifferdeng, de Guy Altmeisch. Nach bis den 21.Dezember ass de Chrëschtmaart zu Déifferdeng op.
Zu Diddeleng war et haut de leschten Dag vum Chrëschtmaart. Op dräi verschiddene Plaze gouf en dëst Joer organiséiert. Zefridden ass een awer nëmmen zum Deel. D’Wieder huet de Veräiner dacks e Stréch duerch d’Rechnung gemaach. 60 verschidde Stänn goufen et wärend 10 Deeg. Enner anerem ass och hei ëmmer de Mettelalterchrëschtmaart.