Stad LëtzebuergD'DP geet mat der Duebelspëtzt Polfer/Goldschmidt an d'Gemengewalen

RTL Lëtzebuerg
Dat huet déi aktuell Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer e Mëttwoch de Moien am RTL-Moiesjournal matgedeelt.
D'DP geet mat Duebelspëtzt Polfer/Goldschmidt an d'Walen
Dat huet déi aktuell Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer e Mëttwoch de Moien am RTL-Moiesjournal matgedeelt.

Déi aktuell Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet betount, datt d’DP mat enger duebeler Spëtzt an d’Gemengewale geet, dat mam Patrick Goldschmidt a Lydie Polfer. An och déi aktuell Ministesch Corinne Cahen wier mat op der Lëscht, doriwwer wier d’Lydie Polfer frou.

Dës Wale géingen awer net mat vereenzelte Persounen, mee mat enger ganzer Lëscht gewonne ginn. Dës soll da Mëtt Mäerz presentéiert ginn.

Buergermeeschtesch plus Deputéiert bleiwen, kee Probleem fir d’Lydie Polfer. Béides géif enk zesummenhänken, och wann et vill Aarbecht wier.

De kompletten Interview mat der Lydie Polfer

Back to Top
CIM LOGO