
Den 5. Februar 2026 ass an der Gemeng Schengen e Fall vu Vullgripp (Grippe aviaire) bei engem private Vullebesëtzer bestätegt ginn. Dëst geschitt zu engem Zäitpunkt, wou d’Vullegripp sech nees staark an Europa verbreet, virun allem laanscht de Route vun den Zuchvigel.
D’ALVA rifft dofir nach emol dozou op, datt all Kontakt tëscht Hausgefligel a wëlle Villercher muss verhënnert ginn, well d’Krankheet héich ustiechend a fir Villercher dacks déidlech ass.