Invité vun der Redaktioun (28. November) - Paul ErnsterDe "Black Friday" ass no de Solden de wichtegsten Dag am Handel

Claude Zeimetz
E Freideg de Moie war de "Black Friday" Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Paul Ernster
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

E Freideg de Moien war de “Black Friday” Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

De “Black Friday” gëtt ëmmer méi wichteg fir den Eenzelhandel zu Lëtzebuerg. No de Solde wier et antëscht dee wichtegste Rendez-Vous fir de Commerce an de Startschoss vum Chrëschtgeschäft, dat sot e Freideg de Moien de Paul Ernster als Vertrieder vun der Luxembourg Confederation, déi d’Interessie vum Handel vertrëtt, op dësem importéierten Dag vum Konsum. Traditionell Evenementer wéi de Mantelsonndeg oder d’Braderie géifen all Joers e bësschen ofhuelen. E konkrete Chiffer, wéi vill de “Black Friday” am Ëmsaz vum Eenzelhandel ausmécht, konnt eisen Invité net nennen. Mä et wier lo “déi Period, wou et zielt”.

Datt d’Konsumenteschutz-Associatioune wéinst dem Hype ëm den Dag vum Black Friday méi kritesch op den Handel kucken, kann de Paul Ernster verstoen. Hie géif et och wichteg fannen, datt et Instanze ginn, déi den Händler op d’Fanger kucken, fir datt net mat de Präisser gespillt gëtt. Geschäfter, déi hei Schmu dreiwen, sollten och bestrooft ginn.

Stabil Kafkraaft zu Lëtzebuerg

Trotz der héijer Inflatioun a verschiddene Saachen, déi “demesuréiert deier” wieren, fënnt de Finanzchef vun engem grousse Librairiesgrupp, datt d’Kafkraaft vun de Leit hei am Land nach vergläichsweis héich. Wéinst dem negative Konsum-Klima, geet den Eenzelhandel an Däitschland dogéint dëst Joer zum Beispill vun engem réckleefege “Black-Friday"-Geschäft aus. Hie géif awer mat engem positive Chrëschtgeschäft rechnen, sou de Paul Ernster.

Handel hofft op positiv Auswierkungen duerch méi e klore juristesche Kader bei den Ouvertureszäiten

Punkto Sonndesaarbecht an Ouvertureszäite weist sech eisen “Invité vun der Redaktioun” vun haut optimistesch, datt et warscheinlech déi lescht Chrëschtsaison ass, déi sonndes mat Derogatioune fuere muss fir kënnen opzemaachen.
A sengen Ae wäert den zukünftege juristesche Kader fir d’Sonndesaarbecht positiv Auswierkungen hunn. Um Enn géif de Client entscheeden, wéini d’Butteker opmaachen.

Kee “Fan” vu Protester um “Black Friday”

Datt haut um “Black Friday” Gewerkschaften protestéieren, gesäit de Paul Ernster dogéint negativ. Fir d’Syndikater gëtt et vläicht en interessanten Dag fir ze protestéieren, mä hie wier lo kee “Fan” vu sou Aktiounen op engem Dag, deen u sech e flotten Dag fir d’Geschäfter soll sinn, fir hir Kafkraaft ze stäerken.

Amazon als grousse Gewënner vun dësen Deeg

Ugeschwat op déi geplangten international Protestaktioune géint den Onlingegigant “Amazon” am Kader vun der Campagne “Make Amazon pay” an 30 Länner, sot de Vertrieder vun der Luxembourg Confederation, datt d’amerikanesch Multinational aus dem Handel net méi ewechzedenken wier an och definitiv de grousse Gewënner vun dësen Deeg wäert sinn. Um stationären Handel wier et fir derfir ze suergen, dem Client e Grond ze liwweren, fir an de Buttek ze kommen an net online ze shoppen.

LIVESTREAM RadioRendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO