Wou läit wéi eng Parzell a wiem gehéiert se? Ënnert anerem déi Informatioune kann een iwwert de Geoportail erausfannen. All Dag gëtt de Site eng 6.000 Mol ugeklickt an déi Zuel kéint an Zukunft weider klammen, zanter e Méindeg gëtt et nämlech eng nei 3D-Funktioun. Déi nei Funktioun gouf e Méindeg de Moien um Siège vum Kadaster an der Stad presentéiert.
De Finanzminister Gilles Roth, dee fir de Kadaster responsabel ass, ënnersträicht, datt déi nei Funktioun méi wéi just een Nice-to-have ass, mee ganz konkret Virdeeler bréngt.
“Et gesäit ee virun allem zum Beispill d’Schiet vu Gebaier. Wann ech also een Haus wëll bauen, wann ech ee Grondstéck kucken, dat ech wëll kafen, sief et als Professionellen, mee sief dat och als eenzele Bierger, da gesinn ech, wéi iwwert den Dag de Schiet op dat Grondstéck kënnt, bedéngt duerch dat, wat ronderëm ass. Dir gesitt, dat ass éierlech gesot ganz impressionant.”
Et wier elo méiglech, all Parzell an och esouguer all eenzelt Gebai am Land an enger dräidimensionaler Versioun ze kucken, heescht et vum Kadaster. Et gouf zwar schonn zanter 2018 eng 3D-Funktioun um Geoportail, mee dës gouf elo komplett iwwerschafft. Déi al wier nämlech net wierklech performant gewiescht, hätt net gutt op Handye funktionéiert an et konnt ee keng Moossungen oder Simulatioune maachen. Dat ass elo anescht, sou kann een zum Beispill d’Héicht vu Gebaier moossen a simuléieren, wéi ee Schiet se zu wéi enger Dageszäit werfen. Et kann een och Siicht-Achse simuléieren, wéi de Jeff Konnen, Responsabele vum Geoportail, erkläert.
“Do kann een all déi bestoend Objeten integréieren oder virtuell Objeten zeechnen an da kucken, gesinn ech nach ëmmer vum Punkt A op de Punkt B, zum Beispill eng Antenn, déi fräi Siicht muss hunn, funktionéiert déi nach ëmmer oder verdeckt dat Gebai mer lo dat hannendrun? Sou datt een dat ëmmer genau ka simuléieren.”
Bei Gebaier, déi zur kritescher Infrastruktur gehéieren, ass déi Funktioun allerdéngs deels ageschränkt. Bei der neier 3D-Versioun handelt et sech am Fong ëm een Open-Source-Tool mam Numm Virtual City Map, deen an d'2D-Versioun vum Geoportail integréiert gouf.
Wann ee vun dräidimensionale Vuë vun Uertschafte schwätzt, denke warscheinlech vill Leit fir d’éischt u Google-Maps oder Google-Streetview. Wat ass dann den Ënnerscheed oder esouguer vläicht de Virdeel vum Geoportail par rapport zu de genannte Servicer? Den Direkter vum Kadaster Alex Haag:
“Mir wësse wou eis Donnéeën hierkommen, dat heescht mir hu Viraussetzungen, no deene mer eis Donnéeën erfaassen. Mir kënne genau soen, wéi präzis se sinn, mir kënne soen, wéi al se sinn a mir kënne se op ee Référentiel bréngen, wou een net ëmmer weess, ob dat bei aneren Ubidder, déi déi Donnéeën hunn, och sou ass respektiv wou dat vill méi schwéier nozevollzéien ass.”
Anescht wéi bei kommerzielle Servicer kann ee beim Géoportail kee Veto dogéint aleeën, datt dat eegent Haus gewise gëtt. Wat d'2D-Versioun ugeet, bleift déi iwwerdeems weider accessibel.