Serie "Top Secret": Deel 2De Logistik-Zenter vun der Arméi
Den Dan Wiroth war mat den Zaldote vum HLH ënnerwee a krut en Abléck, wat e Logistik-Zenter fir eng Arméi bedeit.
Den HLH ass den “Hall Logistique” vum Härebierg, deen ënnerschiddlech Funktiounen a Missiounen huet. Am Zentralen Depot fënnt een alles, wat eng Arméi sou brauch. Vun Ersatzstécker vu Gefierer, bis bei déi klengste Schrauf. Vum Toilette-Pabeier bis bei de Biesemsstill. D’Logistik bei der Arméi këmmert sech awer och ëm den Entretien vun de Gefierer, egal ob Hummer, Dingo, oder Militärbus.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Alles muss perfekt a Stand gehale ginn an e muss Operatiounsbereet sinn. Den Atelier mécanique, d’Karosserie an de Contrôle technique suergen dofir. Da gëtt et och nach spezialiséiert Atelieren, déi sech ëm d’Uniforme vun den Zaldoten këmmeren oder ëm den alldeeglechen Entretien vun de Kasären.
Kuckt hei déi zwee Deeler vum Top-Secret
Deel 1: De Logistik-Zenter vun der Arméi
Den Dan Wiroth war mat den Zaldote vum HLH ënnerwee a krut en Abléck, wat e Logistik-Zenter fir eng Arméi bedeit.
Deel 2: De Logistik-Zenter vun der Arméi
Am Top Secret hu mer e Bléck hannert d’Kulisse vun der Arméi gehäit.
De Lt. Col. Georges Campill am Interview
De Leutnant Colonel iwwert d’Material um Härebierg a wéi a wou dat an den Asaz kënnt.