
De Mouvement écologique widdersprécht dem Ëmweltminister Serge Wilmes. A rezenten Aussoen hat de Minister nach präziséiert, datt hien ee gutt a konstruktiivt Verhältnis mam Mouvement écologique hätt, an et géif een zesummen iwwer eenzel Dossiere schwätzen. An engem Communiqué präziséiert de Mouvement Écologique awer elo, datt den Dialog weder gutt nach schlecht, mee éischter inexistent wier. An deene leschten zwee Joer hätt ee sech just zwee Mol gesinn, op eng formell Gespréichsronn géif een trotz Nofro nach ëmmer waarden.
Communiqué vum Mouveco bezitt sech op folgenden Artikel