
Wéi vill Lëtzebuerger Schëffer dovu betraff sinn, weess een am zoustännege Ministère allerdéngs net. Dat geet aus der Äntwert vum Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP ervir.
Zejoert hu knapp 4.600 Frachtschëffer d‘Schleis zu Gréiwemaacher passéiert. D‘Firmaen, déi dëse Schëffstransport organiséieren, wieren awer esou international, datt net vu Lëtzebuerger Schëffer kéint geschwat ginn. Alles an allem goufen awer 5 bis 10 Milliounen Euro un Taxen am Joer bezuelt. Dat géif dovun ofhänken, wéi vill Tonne wéi wäit transportéiert goufen.
Allgemeng erwaart sech d‘Ministesch, datt d‘Ofschafe vun dësen Taxen d‘Schëfffaart méi konkurrenzfäeg par rapport zum Transport op der Strooss mécht. Ausserdeem fält e Pak Bürokratie ewech, esou nach d‘Yuriko Backes. Am Mäerter Hafe sinn zejoert iwwerdeems 600 Schëffer passéiert an et goufen eppes méi wéi 900.000 Tonnen u Wueren op- an ofgelueden.