
De Paul Kremer ass dout. De Philosophieprofesser an Auteur gouf 1943 zu Dikrech gebuer, huet op der Sorbonne studéiert an ass 1974 Professer am Lycée Robert-Schuman ginn. En huet um Enn vu senger Karriär och Coursen op der Universitéit Lëtzebuerg ginn.
De Paul Kremer war e begeeschterte Sportler, ënnert anerem am Triathlon grad ewéi och am Karate.
2011 huet en e Buch erausbruecht mam Titel “Wende der Zeit”, dat bei den Éditions Schortgen.
De Paul Kremer huet sech net just als Philosproff verstanen, mee sech an ëffentlech Debatten abruecht, als Individualist a sträitbare Geescht, dee Widderspréch an och Provokatioun net gefaart huet, dee sech fir friem Kulturen a Philosophien interesséiert huet, awer grad esou mat onser Lëtzebuerger Identitéit ausenanergesat huet.
Joerzéngtelaang war e Carte-blanchist op Radio Lëtzebuerg. Do virdrun huet e „Philoschronike“ presentéiert a war an den 1980er-Joren och an der Sonndesmoies-Emissioun „Den neie Forum - fir Meenungen an Iwwerzeegungen“ mat derbäi.
Dem Paul Kremer senger Fra, sengen zwee Kanner an de fënnef Enkelkanner eist häerzlechst Bäileed.